Fir d'Marina Smorodinova joe mir därmoosse gestresst enger Zort "UrKnall", "UrKnaller", "Ur-Knuppert" no, also: der legendärer Äntwert op all Froen, der erfëllter Karriär, dem ultimative Kick, datt mir dat sougenannt Banaalt verkennen.
Déi zu Sankt Petersburg ausgebilt Molerin an a Frankräich geléiert Realisatrice bitt dem Alldag hir wäertvollst Plattform an hire Mixed-Media-Aarbechten. Zum Beispill am Clip "communautaire", fir dee si sech fir ganz ënnerschiddlech Wunngemeinschaften a Russland an a Frankräich interesséiert huet, Zäit bei de Leit verbruecht huet, esouguer e russescht Fotoarchiv zum Theema fonnt huet, fir um Enn eng Animatioun aus eegene Molereien, Foto- a Filmmaterial zesummenzesetzen.
Ee Kierper aus Stärestëbs
Den neie Video "Du corps et du ciel" gouf speziell fir d'Rotondë kreéiert. Um iwwerdimensionalen Ecran iwwer dem Buvette-Bar leeft e bis Enn Mee als Loop, en Boucle. Och hei huet d'Kënschtlerin mat Molerei, Dessin animé a Filmopname geschafft.
Et goung hir dorëms, d'Geschicht vun enger Persoun ze zielen, déi sech reegelméisseg vun der Gesellschaft ofkapselt, fir de Stärenhimmel ze observéieren. Ënner dem Firmament huet si d'Gefill, Deel vun eppes méi Groussem ze sinn, datt hire Kierper am Fong net aus Organer a Schanken, mee aus Stärestëbs besteet. Dës abstrakt Iwwerleeung ka si mat hirem Entourage net deelen.
Esouvill In-halt, Ge-halt ... an engem Video fir e Café ...? Fir d'Marina Smorodinova handelt et sech dobäi vläicht net ëm déi ideal - mee dach ëm eng gutt Plaz - fir sech iwwer Konscht auszetauschen. Dowéinst huet si och gären nach emol mat de Rotonden zesummegeschafft; d'Triennale hat si a super Erënnerung.
D'Marina Smorodinova weess instinktiv, wat si mat hirer Konscht ausdrécken, wat fir Iddie si deele wëllt. Vu datt zwou Kulturen an hirem Häerz an an hirem Kapp wunnen, huet si just heiansdo Zweiwel, ob, respektiv wou, hir Metaphere verstane ginn.
Tëschent zwou Kulturen
Mee si huet geléiert, datt et keng Léisung ass, et jiddwerengem gerecht maachen ze wëllen. Datt si mëttlerweil scho ganz gutt mat universellem a lokalem Input jongléieren, Leit beréiere kann. Aktuell pendelt d'Kënschtlerin, déi deemnächst Mamm gëtt, tëschent Metz, Paräis an heiansdo Russland.
Mee am léifste géif si hir Zäit tëschent béide Länner a Kulture méi gläichméisseg opdeelen. Dat wier just méiglech, wa si och aus Stärestëbs wier. An awer gëtt et en neie Projet an der Regioun Altai, also am Grenzgebitt tëschent Russland, der Mongolei a China. Fir Oktober 2020 ass schonn eng éischt Altai-Projektioun programméiert. Mir wäerten d'Stärekonstellatiounen an de Stärestëbs am A behalen.