Radioen

On air

De Moien  |  D'Theaterregisseurin Sara Goerres am Gespréich

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mésy Faber ass dout

Mezzosopranistin

D'Mésy Faber ass dout

Den 2. Januar ass déi Lëtzebuerger Mezzosopranistin Mésy Faber am Alter vu 94 Joer gestuerwen.

auto_stories

1 min

D'Mésy Faber am Joer 2005. Foto: Archiv

Si war joerzéngtelaang ee feste Begrëff am Lëtzebuerger Theatermilieu, an de Revuen a bei der Lëtzebuerger Operettebühn ënner dem Auguste Donnen.

Grousse Succès hat Mésy Faber als Chansonsängerin beim Radio Circus a Frankräich a koum esou 1958 an den Olympia zu Paräis an der Show "Numméro 1 de demain" op déi zweet Plaz, wou si niewent der Caterina Valente opgetruede war.

De Carlo Link huet 2005 e laangt Gespréich mat der talentéierter Fantaisie-Sängerin geféiert.