Konschtausstellung zu Berlin D'Mier gehéiert zu Europa

D'Ausstellung "Europa und das Meer" am historesche Musée zu Berlin thematiséiert d'Relatioun tëscht dem Kontinent a senge Küsten. Si weist, wéi enk d'Mierk an d'Geschicht vun Europa verbonne sinn.

Max Tholl / cbi

Europa und das Meer
Foto: Deutsches Historisches Museum / Siesing

D'Geschicht vun Europa ass d'Geschicht vun de Weltmierer. Déi territorial Expansioun, d'Opkomme vum globalen Handel, an déi weltwäit Migratioun wieren ouni europäesch Schëfffaart ondenkbar gewiescht. Mee de Stellewäert vun eise Küsten huet sech staark verännert. Grad dofir wëllt d'Ausstellung "Europa und das Meer" am historesche Musée zu Berlin un de wichtege Rapport zum Waasser erënneren, wéi d'Curatrice Dorlis Blume erkläert:

"Die Idee, Europa und das Meer zu betrachten, rührt daher, dass wir festgestellt haben, auch gerade bei aktuellen Debatten um Migration oder die Verschmutzung der Meere, dass sich die Europäer überhaupt nicht mehr bewusst sind, welche Bedeutung das Meer für die Entwicklung Europas und der europäischen Zivilisation gespielt hat. In den Augen der meisten Europäer - wenn sie nicht gerade Küstenbewohner sind - ist das Meer eigentlich nur noch der wichtigste Urlaubsort."

Dobäi ass Europa duerch an duerch ee maritime Kontinent, seet de Jürgen Elvert, Historiker an Auteur vum Buch "Europa, das Meer und die Welt. An Europa géif et och vill Flëss ginn, déi de Kontinent an déi verschidde Länner mam Mier verbannen.

Positiv an negativ Säite gi beliicht

Iwwer 2.500 Joer, vun der Antik bis an d'Géigewaart erstreckt sech d'Ausstellung a weist un de Beispiller vun 13 Hafestied wéi Venedeg, London oder Nantes, wéi d'Europäer d'Mier genotzt hunn a mat wéi enge Konsequenzen. Laang gouf d'Mier gemidden, well een duecht, datt hei d'Gëtter an Dämonen doheem wieren. Dat huet sech awer aus Necessitéit geännert. D'Doris Blume mengt, datt dat sech eréischt mat de Griiche geännert huet, déi op d'Küst geplënnert sinn. Wéi d'Bevëlkerung ëmmer méi grouss ginn ass, huet ee festgestallt, datt een iwwer d'Mier net nëmmen Handel bedreiwen, mee och nei Gebidder erschléisse kéint.

Et war den Ufank vun der europäescher Success story an der joerhonnertelaanger Weltherrschaft. Een Opstig, deen och vill donkel Säiten hat, déi an der Ausstellung net ze kuerz kommen. Fir d'Curatrice Doris Blume war et wichteg, net nëmmen déi positiv Säiten ervirzehiewen, mee och d'Geschicht vun der Versklavung an den Transport vun 13 Millioune Mënsche vun der afrikanescher Küst a Richtung Amerika ze erzielen. All déi verschidden europäesch Länner wieren dodru bedeelegt gewiescht.

Migratioun gehéiert zu Europa

Natierlech gëtt och déi momentan Migratiounskris thematiséiert an an den historesche Kontext gesat. Europa ass a war net nëmmen ee Kontinent vun der Awanderung, mee och vun der Auswanderung. Dat dierft een net vergiessen, seet de Jürgen Elvert. D'Motivatioun vun de Leit, déi hautdesdaags an Europa e bessert Liewe sichen an och dacks fannen, géif sech net vill vun der Motivatioun vun den iwwer 50 Milliounen Europäer ënnerscheeden, déi am 19. Joerhonnert hirer Heemescht de Réck zougedréit hunn fir an den USA e bessert Liewen ze fannen.

Et wollt een d'Ausstellung net ze vill politiséieren, seet d'Dorlis Blume, mee éischter duerch de Bléck an d'Vergaangenheet fir Deseskalatioun an een neit Bewosstsinn suergen. Et géif een hoffen, doduerch déi aktuell e bëssen ze entschäerfen. Migratioun géif zu der Geschicht vun Europa gehéieren, scho vun Ufank un.

D'Mier ass méi wéi eng Ressource

Deen anere Politikum an der Ausstellung ass d'Fro vun de Mieresressourcen an der Waasserverschmotzung. 2050, heescht et an der Ausstellung, kéint méi Plastik am Mier ze fanne si wéi Fësch. Eng dramatesch Entwécklung, déi et ze verhënnere gëllt. D'Mier wier schonn 2.500 Joer als Ressource benotzt ginn, mee dat wier a kuerzer Zäit ëmgekippt ginn. "Hier stehen wir in der Verantwortung. Wir müssen uns bewusst werden, dass wir das Meer nicht nur ausbeuten können, sondern wir es auch schonen müssen, damit es uns erhalten bleibt - nicht zuletzt als Ressource", seet d'Doris Blume. De Jürgen Elvert ergänzt, datt d'Mier eigentlech zu de primären Interesse vun der EU misst zielen.

Och den Afloss vum Mier op d'Konscht an Europa gëtt unhand vun impressionnanten Tableauen duergestallt. Et ass remarkabel, wéi et de Curateure gelongen ass, op relativ enkem Raum, een Thema vun deem Ausmooss vun esouvill Aspekter aus ze beliichten. Froe stelle sech engem vill, Äntwerten dorop liwwert d'Ausstellung zwar net direkt, mee ëmmerhin een Denkustouss fir déi nächst Vakanz op der Plage.

An der Mediathéik:

Kultur / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Grad vu St Malo
Eng literaresch Rees duerch d'Bretagne

Vum Chateaubriand bis Michel Le Bris - d'Bretagne a seng wëll Küst hu schonn ëmmer déi franséisch Schrëftsteller inspiréiert.

Aisling French
Konscht a Costa Rica

Konscht vun den indigene Vëlker weisen a si doduerch valoriséieren ass d'Zil vun der Irin Aisling French. Dowéinst huet si d'Galeria Namu zu San José a Costa Rica opgemaach. Geplangt war et trotzdem net.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen