Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jalen Ngonda - Thats All I Wanted From You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nicole Max am Kasemattentheater

Theater

D'Nicole Max am Kasemattentheater

Bei engem Kaffi erzielt d'Schauspillerin iwwer hir Roll am Daniel Keene Stéck "Der Regen", dat am Kasemattentheater gespillt gëtt. Et geet ëm eng Fra, déi eng ganz gelunge Geschicht huet a se lass muss ginn.

auto_stories

5 min

D'Nicole Max koum grad frësch vu Paräis mat hirer Wallis. Obwuel net vill Zäit war, huet si sech en Moment geholl fir mat eis iwwer hirt neechst Stéck ze schwätzen.

"Et si ganz ganz wéineg Wierder fir awer an deene Wierder immens vill Emotiounen eran ze bréngen. Mee et si keng komplizéiert Metapheren, et ass eng einfach Sprooch vun enger einfacher Fra" Sou beschreift d'Nicole Max hire Personnage Hanna:

"Déi Fra ass net gewinnt vill ze schwätzen, mee hei huet si decidéiert ze schwätzen. Hei kënnt si, si zielt hir Geschicht a si muss déi Geschicht lass ginn. A si muss sech vun deem, wat si alles erlieft huet, och kënne fräisetzen. Well si erzielt wierklech eng ganz gelunge Geschicht, si huet wierklech e ganzt speziellt Liewe gehat. Mee d'Stéck ass net realistesch. Et ass éischter eng Fabel, e bëssen sou en Traumspill. Dat heescht, wat déi Fra erzielt, dat gëtt et am richtege Liewen net. Mee doduerch, datt dat net realistesch ass, komme bei all Mënsch, deen dat am Fong nolauschtert, ganz vill Biller héich a jiddweree kann et am Fong och associéiere mat sengem eegene Bagage."

Wourëms geet et?

Tatsächlech kann ee sech mat der Nicole Max séier am Gespréich goe loossen. Mee wourëms geet et dann iwwerhaapt am Stéck, wat ass d'Geschicht?

"D'Hanna, sou wéi de Personnage heescht, erzielt, datt viru ganz ganz laanger Zäit Leit, allméiglech Leit, hir allméiglech Saache ginn hunn a ganz verschidde Saachen a gewéinlech Saachen a ganz komesch Saachen. An déi Léit hunn hir dat ginn éier si an en Zuch geklomme sinn an dee si eragedréckt gi sinn an si hunn näischt dierfe mathuelen an den Zuch. An dann hu si hir déi Saache ginn an si huet déi Saache geholl well d'Léit hunn dat jo net dierfe mathuelen. Si huet déi Saache mat an hiert Haus geholl. An op eemol ass hiert Haus ëmmer méi voll gi mat deene Saachen. An dunn huet si op déi Saachen opgepasst an se gefleegt an organiséiert. Well déi Leit sollte jo awer eng Kéier erëm kommen an si sollten hir Saache jo awer erëm kréien an se och kënnen erëm fannen a se och an engem gudden Zoustand kënnen erëmfannen. An da lieft si mat all deene Saachen an dat ass am Fong hiert Liewen an hire Liewenswee."

Et mierkt een der Nicole Max einfach un, datt si dës Roll fonnt huet, oder vläicht ass et och ëmgedréint.

E gudde Personnage: Rar am Theater

Well wann d'Nicole Max vum Hanna zielt mierkt een, datt eppes geschitt:

"Dat heescht de Personnage ass schonn e bëssen eng ganz speziell Kreatur, e bësse e skurrille Personnage mat enger Kannerséil, deen ëmmer iergendwéi e Kand bliwwen ass mat sou enger gewësser Onschold. Jo, et ass e Personnage, deen ech wierklech spiere kann, dee mech wierklech immens beréiert an ech fannen, et ass och ganz rar, datt ee kann e Personnage spillen, deen eng gewësse Guttheet huet. Et spillt ee ganz dacks Personnagen, déi zynesch sinn, déi haart sinn oder déi ganz penibel mat anere Personnage ronderëm se ëmginn an sou weider, et ass am Fong zimlech rar an engem Theaterstéck, datt een e gudde Mënsch spillt."

Eng Opféierung op Däitsch

D'Stéck vum Daniel Keene gëtt net fir d'éischte Kéier opgefouert. Den Australier huet dëst Stéck an de 1990er Jore geschriwwen. An zanterdeem fënnt dëst Stéck ëmmer erëm säi Wee op d'Bühn. D'Nicole Max spillt et schonns zanter 2018 zu Paräis op Franséisch. Fir dës Virstellungen am Kasemattentheater wiesselt d'Nicole Max mat hirem Personnage an déi däitsch Sprooch.

"Do huet sech nees eng Méiglechkeet erginn, well de Kasemattentheater seng Dieren nei opmécht a well si awer en däitschsproochegen Theater sinn hu si mech gefrot, ob ech et elo net kéint op Däitsch spillen. Also dat ass scho kohärent mat dem Projet zesummen, well dee Projet virgesinn ass a verschiddene Sprooche gespillt ze ginn."

Wat mécht et da fir en Ënnerscheed wann een de selwechte Personnage op Däitsch oder op Franséisch spillt?

"Nee dat ass kloer, et ass einfach eppes anescht. Zum Beispill fir meng Regisseurin ass et ganz kloer, datt ech am Däitschen eng aner Bühnepresenz hu wéi wann ech et op Franséisch spillen. Mee dat ass am Fong och dat Interessant un deem Projet hei, well et ass schonn e bëssen eng aussergewéinlech Erfarung fir de selwechte Personnage, och nach e Monolog an zwou verschiddene Sproochen ze spillen an doduerch eben ze kucken, wat dat an engem beweegt. Wat dat erop bréngt, well d'Sprooch eben eng aner Resonanz bannendran huet. Den Ausdrock gëtt vläicht bëssen anescht mee, méi buedemstänneg ass et op Däitsch, an am Franséische flitt et e bësse méi. "

D'Geschicht passt op vill Realitéiten

Sou munch een Nolauschterer richt an där Geschicht vläicht schonns en Drama am Hannergrond. An et stëmmt, déi Biller, déi gewise ginn, maache bei eis Erënnerunge waakreg. Mee den Auteur huet kee geschichtlechen Hannergrond festgesat. An och d'Nicole Max präziséiert, datt si den Hannergrond vun der Shoa spiert, mee am Stéck gëtt dëst ni gesot an et kënnen och ganz aner Geschichten dohannert léien.

"Haut huet dat Stéck duerch déi ganz Migratiounen, déi haut sinn, wou sou vill Mënschen deplacéiert ginn, am Fong eng ganz aner Resonanz kritt. Et kann een un d'Vergaangenheet denken, et si vill Leit, déi et domadder a Verbindung bréngen, Mënschen, déi haut iergendwou musse fort goen an an en Zuch klammen oder an e Boot klammen an déi näischt dierfe mathuelen. Wat hunn déi, a wat hannerloossen déi? Et huet doduerch am Fong eng ganz modern Resonanz."

Der Nicole Max no wier et kee Manifest, et wier einfach e ganz staarken a poeteschen Theatermoment.