Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun

Kultur

D'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun

"Mat Hëllef vun 150 Objeten 3.000 Joer chinesesch Geschicht verstoen". Esou annoncéiert d'Equipe vum Nationalmusée um Fëschmaart hir nei Expo "D'Originne vun der chinesescher Zivilisatioun - Archeologesch Schätz aus Henan". De Projet gouf an enker Zesummenaarbecht mam Henan Museum a weidere wichtege Kulturinstitutiounen aus der Provënz realiséiert.

auto_stories

4 min

Henan, vun Hé fir Floss an nán fir südlech, steet fir südlech vum giele Floss. An dat steet fir fruchtbaart Land. Aus dësem Grond huet d'Henan-Provënz am Oste vu China ëmmer scho vill Mënschen ugezunn, bis 2010 war se déi peupléiertst mat ronn 94 Milliounen Awunner. Se war laang Zäit de kulturellen, ekonomeschen a politeschen Zentrum vu China, an dat huet interessant Spueren hannerlooss, déi dohannen och a Muséeën en Valeur gesat ginn. Dat schéngt awer net méi duergaangen ze sinn, an esou sinn archeologesch Schätz aus dem Henan op Lëtzebuerg komm, seet de Michel Polfer vum Nationalmusée.

Den Haaptgrond dofir war, datt a China op héchstem politeschen Niveau gesot gouf, datt China an déi chinesesch Kultur net bekannt genuch sinn. Déi chinesesch Kulturinstituter sollen änneren. Dat ass den Ausléiser. "Datt elo d'Kulturverwaltung vum Henan grad op Lëtzebuerg komm ass, erkläert sech engersäits duerch eis geografesch Situatioun, an datt mir eng europäesch Haaptstad sinn. Mee och déi wirtschaftlech Relatiounen tëschent dem Henan a Lëtzebuerg, déi sech an de leschte Joren entwéckelt hunn, hunn hiren Deel dozou bäigedroen", sou de Michel Polfer.

Onschätzbaren archeologesche Wäert

3.000 Joer chinesesch Geschicht hunn et sech vun haut op muer am MNHA gemittlech gemaach. Am Fong ass et net ze faassen, wat do einfach esou ënner Henan-Buedem louch, an zwar zimlech intakt.

"D'Chinesen hunn en archeologesche Patrimoine vun enger Densitéit, dat kann ee sech guer net virstellen. Am Henan leien eleng 22 Haaptstied vu Kinnekräicher oder vum chinesesche Keeserräich. Fir d'Archeologie ass dat haut natierlech een Eldorado", seet de Michel Polfer.

Doduerch, datt d'Chinese sou vill zentraliséiert Kinnekräicher mat enger Aristokratie haten, hu si och entspriechend Griewer, vun Ausmoosse wéi ee se an Europa quasi net kennt."Et gi Beispiller vu Griewer vun ëm 1.000 viru Christus, mat Griewer, déi ënner dem Buedem, bis zu 900 Quadratmeter Surface hunn. Do sinn da Kummere voll mat Ween, mat Bronzen an aneren Objeten. Also et ass eng materiell Kultur vun engem Räichtum do, där mir net vill entgéint ze setzen hunn."

150 archeologesch Objeten, dorënner Kultobjeten, Waffen, Bijouen, mënschlech Skulpturen, déi mam Doudege begruewe goufen, fir him Gesellschaft ze halen, Gebrauchsgéigestänn ... vun de Kategorien hier net anescht, wéi bei eis an der Zäit, an awer ass an der Expo direkt kloer, datt do net e réimeschen, mee en asiatesche Wand bléist, an dat läit net just un den artistesch héichwäertegen Draacheskulpturen.

Hirer Zäit viraus

"An deene fréien Zäiten, also dat wat bei eis d'Bronzezäit an d'Eisenzäit wier, do ass déi chinesesch Maîtrise vun der Bronzetechnik einfach Wahnsinn. Also Dir gesitt hei Saachen, do fannt dD näischt Vergläichbares an Europa, zu där selwechter Zäit. Fir d'Chinesen ass d'Jade dat nobelst Material, dat si kennen. Si maachen och ganz wichteg a prestigiéis rituell Objeten aus Jade. Et fënnt een och ganz vill verschidde Forme vu Porzeläin. Fréi Forme vu Porzeläin, bis hin zu absolutt perfektem Porzeläin aus der Song-Zäit."

Wëssensaustausch tëschent China a Lëtzebuerg

Mat den Dynastien Xia, Shang a Zhou huet déi antik chinesesch Zivilisatioun virun iwwer 2.000 Joer viru J. Christus hiren Ufank geholl. An där Zäit sinn e Schrëftesystem, Stied an Hierarchien entwéckelt ginn. Chronologie a Geschicht léieren d'Chinese vu klengem un an der Schoul. Dofir wësse si awer net wierklech, wien d'Réimer waren. Also tauscht de Michel Polfer Wëssen iwwer Réimer géint Wëssen iwwer China. An zwee Joer wäert hie mat MNHA-Exponater a China fléien, fir do och mat enger Ausstellung fir eis Kultur mobil ze maachen.

"Fir vill Saachen hu mir equivalent Kategorië vun Objeten. Wat d'Chinese par Konter awer net hunn, ass Glas. Dir fannt hei an der ganzer Expositioun nëmmen e puer Glaspärelen, an déi sinn nach importéiert aus dem Westen. Dat ass en Typ Material, wat si net kennen an och net verschaffen. Den Interêt un deem Material ass a China immens grouss. En aneren Typ vun Objet si Mosaiken, déi Technik ass a China komplett onbekannt, a si ware faszinéiert, fir eise schéine Fiichtener Mosaik ze gesinn."