Radioen

On air

Notturno  |  Sean Nicholas Savage - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Patricia Lippert proposéiert Schleek mat Pilz

Literatur

D'Patricia Lippert proposéiert Schleek mat Pilz

Neits aus Eppelduerf: D'Molerin a Sculptrice Patricia Lippert huet e Kannerbuch kreéiert. Mat gemooltem Text an eegenen Illustratiounen erzielt si d'Fabel "Der blaue Pilz und die Schnecke". An de leschte Joren huet d'Kënschtlerin an hiren Aarbechten, dacks a Kollaboratioun mat anere Kënschtler, nach emol drop hiweise wëllen, datt de Mënsch esouwuel d'Natur wéi och seng eegen Natur méi respektéiere misst. E Sujet, deen och an hirer Fabel matschwéngt.

auto_stories

2 min

Der Patricia Lippert hirt Buch "Der Blaue Pilz und die Schnecke"

D'Patricia Lippert ass am Horoskop warscheinlech Billersprangbuer - eng "fontaine", bei där een, eventuell si selwer, den Drock fir d'Waasserpompel ze héich agestallt huet. Et spruddelt a sprutzt nämlech hefteg, an all méiglech an onméiglech Richtungen, beschreift onerwaart Figuren, also Konscht.

Eng Kaskad u kreativen Aflëss

D'Waasser géif an dësem Fall fir der Kënschtlerin hir Inspiratioune stoen: D'Patricia Lippert suckelt alles ronderëm sech op, vun Aktualitéit iwwer Literatur, Tuyauen, déi si a Clown-Formatiounen opschnaapt, den Input, Stëmmunge vun aneren Artisten, mat deene si kollaboréiert, fir eppes Eegenes doraus ze maachen, ouni ze vergiessen, hir Quellen - dacks an Textform - ze zitéieren.

Hat een, eventuell si selwer, de Waasserpompeldrock fir eng Kéier op "Snooze" geschalt? Oder stoung een um Schlauch, esou datt just ee renge Stral, wéi aus enger Strenz, gefloss ass? Hat d'Patricia Lippert eng Nuecht duerch duuss geschlof, an ass moies fréi mat enger Iddi erwächt, déi si, nach e wéineg am Niwwel an am Nuetshiem, eenzock ëmsetze wollt?

"Der blaue Pilz und die Schnecke" ass eng roueg an eendeiteg Fabel fir Grouss a Kleng. Si wierk esou, wéi wa si an engem Jet entstane wier, a wéi wann d'Kënschtlerin sech iwwerdeems esouwuel zeechneresch wéi och textlech gutt ameséiert hätt.

Eng villschichteg Fabel

D'Geschicht ass komplett a Groussbuschtawen a mat verschiddene Schreifutensilien handgeschriwwen. Op de Molereien a Collagen a Mëschtechnik falen engem bei all Lektür nei Elementer op - der Patricia Lippert selwer wuel och: Op vereenzelten huet si, wéi nodréiglech, diffus Elementer mat Feil a Wuert beschrëft.

D'Helde vun hirer Fabel sinn also e bloe Pilz, eng "Stinkmorchel", respektiv e "satyre puant" oder "phallus impudique", deen enges Moies, net wéi en "Eindringling", mee en "Ausdringling", einfach esou, a wéi am Nuetshiem, aus dem Bëschbuedem geschoss komm war... an e Schleek, en orange Plakert.

De Grashallem këddelt de bloe Pilz onverschimmt, d'Veilchen réngelt degoûtéiert d'Nues, pardon d'Bléien, frech Spatzen an aner Bëschawunner vernennen de Schleek SDF a verfeelt Schlaang. An esou fannen di zwee tatsächlech beienee, also de Schleek duerch di haart a frech Remarquë vun de Spottvulle bei de Pilz, si di sech zesummen, gi sech quasi en Doheem a maache sech op, fir aner Welten ze entdecken.

Eng Fabel, eng Moral um Schluss? Vläicht den eenzege Schwaachpunkt vum Buch. "Leute tut euch zusammen und bewegt 'was" diktéiert d'Patricia Lippert a verweist op de Paul Eluard a säin "le monde est bleu comme une orange". A wann eng Orange bis blo ass, dann ass se warscheinlech vum Pilz befall?