Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Poesie ass net verstëbst"

Generator

"D'Poesie ass net verstëbst"

"Jeune Printemps", esou heescht e Concours vun der Asbl Printemps des Poètes, bei deem ee mat selwer geschriwwene Gedichter Präisser ka gewannen an déi da mat etabléierte Kënschtler op der Bühn virgedroe ginn. Bis de 17. Februar kann een déi nach eraschécken.

auto_stories

2 min

D'Poesie hätt heiansdo e verstëbsten Image, seet d'Delia Pifarotti vun der Asbl Printemps des Poètes, déi d'Poesie hei zu Lëtzebuerg promovéiere wëllt. Zum Deel hätt dat och mam Choix vu Gedichter ze dinn, déi een an der Schoul liese muss:

"Ech soe mir ëmmer, datt dat ganz vill vum Enseignant ofhänkt. Well wann een eng Begeeschterung fir eppes huet, kann een déi och u Schüler vermëttelen. A wann een nëmme grouss klassesch Poeten an der Klass behandelt, dann hunn déi Jonk vläicht ze vill Respekt do virdrun a fäerte selwer Gedichter ze schreiwen."

Fir de Jonken dës Angscht ze huelen, organiséiert d'Asbl Printemps des Poètes schonn zanter 2012 de Concours "Jeune Printemps". Um Ufank war de Concours nëmme fir Schüler geduecht, mëttlerweil dierfen awer och Studenten an Erwuessener mat maachen. Et wëllt ee Leit ouni Erfahrung d'Méiglechkeet ginn, sech un der Poesie ze probéieren. Stilistesch Reegele ginn et dofir keng, seet d'Delia, déi fir de Concours responsabel ass.

"E Gedicht soll fräi sinn, et soll een net ze vill u Reegelen denken. Et sollt een elo net d'Angscht hunn, datt ee sech un e gewësse Stil oder eng gewëss Rhetorik misst halen. E Gedicht muss jo mol net gereimt sinn."

"Och a Lidder fënnt ee Poesie."

Wann ee matmaache wëllt, kéint een dat an där Sprooch maachen, an där ee sech am wuelste fillt, esou d'Delia. Déi eenzeg kleng Konditioun, déi et géif ginn, wier datt d'Gedicht eppes mam Thema "Schéinheet" ze dinn hätt. A si erënnert nach eemol drun, datt e Gedicht villes kann ausdrécken:

"Et ka witzeg sinn, polemesch, satiresch oder och eppes mat vill Gefill. Ech mengen, déi meescht vun eis associéieren e Gedicht mat Gefiller, mat enger Léift, déi een huet, oder gären hätt. Ech fannen, datt d'Poesie engem d'Méiglechkeet gëtt, bis a sech eranzelauschteren, an dat dann zu Pabeier ze bréngen."

Deene Leit, déi vläicht am éischte Moment net vill mat Dichtung um Hutt hunn, gëtt d'Delia vun der Asbl Printemps des Poètes ze bedenken, datt d'Lyrics vun engem Lidd oder engem Rapp net vill aneres wier wéi Poesie.

Wie Loscht kritt huet beim Concours "Jeune Printemps" matzemaachen, ka seng Gedichter, maximal dräi pro Persoun sinn erlaabt, nach bis de 17. Februar op d'Email-Adress: jeuneprintemps@gmail.com eraschécken.


Lauschtert de ganzen Interview mam Delia am Generator. Donieft war nach d'Melody beim Pit op Besuch. Hatt huet iwwer säi Lifestyle-Magasin "SNOB" geschwat.