Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënschtlerresidenzen amplaz vu Konscht um Bau

Public Art Experience um Belval

Kënschtlerresidenzen amplaz vu Konscht um Bau

Néng Kënschtlerresidenzen ënnerstëtzt de Fonds Belval aktuell mat sengem Projet "Public Art Experience". D'Kerstin Thalau huet dräi vun den Artisten getraff.

Kerstin Thalau / po

auto_stories

3 min

D'Curateure Stéphanie Delcroix (4.v.l.) an Michael Pinsky (6.v.l.) mat de Kënschtler vun der éischter Public Art Experience (©publicartexperience.lu)

De Fonds Belval ass als ëffentleche Bauhär vun der Cité des Sciences dozou verflicht a Konscht ze investéieren. Amplaz ee Konschtwierk bei engem eenzelne Kënschtler ze bestellen, huet de Comité vum Fong decidéiert, d'"Public Art Experience" an d’Liewen ze ruffen. Mat Kënschtlerresidenze ginn all Kéiers e puer Artisten an hirer Aarbecht ënnerstëtzt. Den éischten internationalen Opruff war en Erfolleg: 540 Dossiere sinn erakomm, vun deenen néng fir déi éischt Saison zeréckbehale goufen.

Alessandro De Francesco: Bloggen um Belval

Den Alessandro De Francesco ass 1981 zu Pisa gebuer an huet Philosophie a Literatur zu Lyon, Paräis an zu Berlin studéiert. De Poet a Klangkënschtler pendelt tëscht Bréissel a Basel. A fir dräi Méint ass elo nach en drëtte "B" bäikomm: Belval. 

An do huet hien sech Zäit gelooss, war oppe fir dat Onbekannt, fir Leit kennen ze léieren. Mat hinnen huet hie perséinlech Temoignagen opgeholl, déi nei gemixt a montéiert als Soundinstallatioun an den Héichiewe presentéiert solle ginn. Do dernieft publizéiert den Artist e Buch mat eegenen Texter a mat Belval-Archivmaterial. An hie fiddert Dag fir Dag säi Belvalblog.

De Bäitrag vum Kerstin Thalau iwwert den Alessandro De Francesco kënnt Dir an eiser Mediathéik lauschteren.

Giuseppe Licari: Minetts-Archeolog

Den Guiseppe Licari ass 1980 op Sizilien gebuer an huet Molerei zu Bologna a Monumental Art zu Enschede an Holland studéiert. Haut lieft hien als fräischaffende Kënschtler zu Rotterdam. Säin Thema: Déi kulturell Tracen, déi de Mënsch an der Natur hannerléisst. Den Guiseppe Licari exploréiert säin natierlecht an urbaant Ëmfeld mat Hëllef vun Installatiounen, Fotografien an audiovisuelle Medien. Hien huet seng Residenz dozou genotzt, en déifgräifende Konschtprojet zum Thema Minette-Buedem an industrielle Knascht ze entwéckelen.

Detailer iwwer dem Giuseppe Licari säi Wierk fannt Dir an eiser Mediathéik.

Shimon Attie: Ee Mystère

De Shimon Attie ass 1957 a Kalifornie gebuer. En huet sech eréischt no enger éischter Lafbunn als Psycholog fir d'Konscht decidéiert. Seng kënschtleresch Aarbecht huet den Attie emol als Tapéiten-Peeling bezeechent. Hien wëll d’Geschichten, déi verstoppt gi sinn, un d’Liicht bréngen. Während dem Schaffen denkt hien un de Public: Iwwert seng Installatiounen, Projektiounen, Fotografië versicht hien ze vermëttelen, ze kommunizéieren. Den "l'art pour l'art' interesséiert hien net. "Trauma" ass ee vun den Themen, dat hie wëll gräifbar maachen.

Zu sengem Belval-Projet wollt de Shimon Attie keng Aussoe maachen. Den 23. Dezember ass hie mat enger ganzer Rei Filmopnamen an de Fliger op New York geklommen. An dat obschonns hien anscheinend d’Spillregelen net agehalen huet. Et soll een d’Eise beaarbechten esoulaang et gliddeg ass? "Fer" à suivre!

Lauschtert de Bäitrag vum Kerstin Thalau iwwert de Shimon Attie: