Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kraak & Smaak - Ready For Ya Feat. Otis Kane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schmuewele géint déi däischter Kräfte vum Doud

Nei am Kino

Schmuewele géint déi däischter Kräfte vum Doud

Den Animatiounsfilm "Les hirondelles de Kaboul", vun den zwou franséische Realisatricen Zabou Breitman an Eléa Gobé Mévellec, thematiséiert d'Schicksal vun den afghanesche Fraen ënner den Taliban. Souwuel inhaltlech wéi och kënschtleresch ass dësen usprochsvolle Film gelongen.

auto_stories

4 min

Kabul ënner dem radikal-islameschen Taliban-Regime. Zwou Koppele versichen, de repressiven Alldag an der afghanescher Haaptstad sou gutt et geet ze erdroen. Den apathesche Giichtchen Atiq a seng doudkrank Fra Mussarat schéngen d'Hoffnung op ee bessert Liewe schonn opginn ze hunn. Och dee méi jonke Mohsen léisst de Kapp hänken, am Géigesaz zu senger schéiner an dynamescher Fra Zunaira, déi weiderhin un eng Zukunft a Fräiheet wëllt gleewen. Duerch een trageschen Tëschefall kräize sech d'Schicksaler vu béide Koppelen ...

Den Zeechentrickfilm "Les hirondelles de Kaboul", vum Lëtzebuerger Filmfong co-finanzéiert a vun der Firma Melusine co-produzéiert, ass d'Adaptatioun vun engem Roman mam selwechten Titel, deen den algeresche Bestseller-Auteur Yasmina Khadra 2002 verëffentlecht hat. Deemools waren d'Taliban grad, an der Suite vun den NATO-Bombardementer an Afghanistan, vun der sougenannter Nordallianz aus der Haaptstad Kabul verdriwwe ginn. Fënnef Joer laang hate si do eng ultrarigoristesch, op der Sharia gestäipter Herrschaft ausgeüübt, ënner där ganz besonnesch d'Fraen ze leiden haten.

Adaptatioun vum Yasmina Khadra sengem Bestsellerroman

Et ass dat tragescht Schicksal vun deene Fraen, dat béid Realisatricen Zabou Breitman an Eléa Gobé Mévellec offensichtlech dozou beweegt huet, aus dem Khadra sengem Roman en Zeechentrickfilm ze maachen. Eng Stengegungszeen am Ufank vum Film, déi fir de sensibele Spectateur bal net auszehalen ass, beweist, datt et der Animatioun sécherlech net un der néideger Ausdrockskraaft feelt.

De Film weist e Kabul a Ruinen, d'Konsequenz vun engem jorelaange Biergerkrich. Déi dominant blatzeg gro-brong Faarftéin dauchen d'Stad an eng triste a bedréckend Atmosphär. Den Aquarelle-Effekt verstäerkt d'Iddi vum Zerfall, och am iwwerdroene Sënn: wéi Waasserfaarwen zerfléissen ënner den Taliban d'Liewensfreed, d'Mënschlechkeet an d'Hoffnung.

Wéineg Liichtblécker ...

Liichtblécker gëtt et an den "les hirondelles de Kaboul" nëmme wéineg, wéi zum Beispill dëse mat Spectateure gefëllte Kino: allerdéngs weider näischt wéi eng Erënnerung u besser Zäiten, déi, an den Ae vum nostalgeschen Observateur, nees enger eideler Ruin Plaz mécht ... An da suergt besonnesch dem Mohsen seng jonk Fra Zunaira fir en ergräifende Kontrast virum allgemeng verkommenen Hannergrond. Dëse weibleche Personnage ass praktesch deen eenzegen am ganze Film, dee mat Liewen erfëllte ass - den exakte Géigesaz zur kriibskranker Fra vum Giichtchen. Déi Männer, déi net op der Säit vun den Ënnerdrécker stinn, wierke souwisou all passiv a schwaach ...

Der Zunaira hir Vitalitéit kënnt allerdéngs nëmmen tëschent den eegene véier Wänn zum Ausdrock, déi eenzeg Plaz, wou déi mat Energie geluede Fra däerf opbléien, kënschtleresch aktiv sinn a mam Mohsen zäertlech Momenter verbréngen. Dobaussen an der Ëffentlechkeet ass si gezwongen, wéi all déi aner Fraen och, hire sënnleche Kierper an hir üppeg-prachtvoll Coiffure ënner enger bloer Burka ze verstoppen. Dës Burka, mat hirem vergitterte Viséier, dat de weibleche Bléck op d'Ëmfeld anengt, ass fir déi afghanesch Frae wéi e Prisong.

... mee Plaz fir d'Hoffnung

"Les hirondelles de Kaboul" kann een duerchaus mat enger weiderer Lëtzebuerger Co-Produktioun am Animatiounsberäich vergläichen: dem rezente "Funan" vum Denis Do, iwwer de Khmer Rouge-Génocide a Kambodscha. Do wou dëse pechschwaarze Film op dee geréngste Fonken Hoffnung verzicht hat, loossen "D'Schmuewele vu Kabul" grad ee gewëssenen Optimismus zou. Sou schwaach si och sinn a sou aussiichtslos hir Situatioun hinnen erschéngt: d'Mënsche fannen trotz allem d'Ressourcen, zum Beispill an der Léift, fir d'Flam vum Liewen ze erhalen - a sief et nëmmen, fir si aneren ze iwwerdroen an dofir den héije Präis a Kaf ze huelen. D'Schmuewele symboliséieren dee Kampf vum Liewe géint déi däischter Kräfte vum Doud.

Och wann déi Béis am Film e bësse méi nuancéiert hätte kënnen duergestallt ginn, bleift den Drama "Les hirondelles de Kaboul" vum Duo Zabou Breitman an Eléa Gobé Mévellec ee gelongent Wierk, ënner anerem duerch de Choix vun der gëeegenter Animatiounstechnik an der spannender Opléisung vun der Handlung.