Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sexliewe vun de Männer

Raoul Biltgen - Adam spricht

D'Sexliewe vun de Männer

69 Abléck an d'Léift an d'Sexliewe vun de Männer bitt de Raoul Biltgen de Fraen a sengem Band "Adam spricht". All Text geet mam Saz "Liebe Frauen" un, an deem follegt dann eng Analys vum Mann an all senge Formen. Et ass awer meeschtens just eng, an dat ass déi sexuell. Ob alle Fall e Recueil, deen net just d'Fraen dierft begeeschteren, oder dach?

auto_stories

2 min

"Was denken Männer? Denken Männer überhaupt? Und wenn ja, womit? Wenn Männer tatsächlich noch mit etwas anderem denken als dem Inhalt ihrer Hose, warum sind sie dann so, wie sie sind?"

Op dës provokativ oder realistesch Froe probéiert den Adam, ganz aus der Siicht vum Mann Äntwerten ze fannen.

Dem Raoul Biltgen ass hei mat sengem Adam, deen och blogméisseg ënnerwee ass, reell a provokativ, wierklech op eng ganz amusant, ënnerhalend an intelligent Aart a Weis dat gelongen, wat beim Thema Männer an hier Männlechkeet aus der Siicht vum gemengte staarke Geschlecht meeschtens an d'Box geet.

Vill Humor, ouni ze verletzen

Beim Adam geet och villes an d'Box, virun allem de Bléck op all Formen, Zoustänn, Verpakungen an Entwécklunge vum Penis, et ass deen Numm, deen den Adam no laanger Reflexioun am beschte fënnt an och soss mat ganz vill Humor de Mann op d'Schëpp hëlt ouni peinlech oder blessant ze ginn. Au contraire, esou vill erfrëschend Éierlechkeet a Liichtegkeet ka scho begeeschteren.

Natierlech sinn d'Fraen net wäit ewech wann et ëm d'Sexliewe vu heterosexuelle Männer geet an och do trëfft den Adam meeschtens den Nol op de Kapp. Hei sinn seng Inspiratiounsquellen seng Frëndinnen a Bekannten, mat deenen hie sech mol verbal, mol sexuell ausgetauscht huet.

Wat ass fir d'Männer wichteg?

Eng weider Source vum Wëssen hëlt den Adam sech aus drëttklassegen Talkshowen, Emissioune mat Z-Promien, an esou si seng weider Themen, d'Schéinheetsidealer, Silikonbrëscht, iwwerhaapt d'Brëscht si ganz bedeitend Protagonistinnen am Adam senge Gedankenwirrungen.

An do ass vläicht ee klenge Bemol. Den Adam mécht dat, wat bal all Männer gäre maachen, mee hien ass jo och e Mann, dofir muss ech hei Erbaarme weisen. Hie seet der Fra, wat fir de Mann, also de gudde Mann wichteg ass: datt Silikonbréscht net flott si fir unzepaken, datt et dem Mann egal ass wann d'Fra e puer Kilo ze vill huet, datt eng Schamlippenoperatioun onnéideg an en Geessebäertchen iwwer der Vulva onsexy ass.

Et besteet Hoffnung

Mee och do vergiesst hien net sech net allze seriö ze huelen, obwuel hie sech - nach eemol typesch Mann - vun all den "Arschlöcher" distanzéiert. Mee dat mécht en jo och total sympathesch, vläicht e bëssen ze vill...ass dat nach sexy?

Mee bon, och wann den Adam nach net ganz en agefleeschte Fraepësperer ass, sou gëtt en d'Hoffnung, datt awer nach emol eppes aus de Männer gëtt. An hei pauschaliséieren ech grad wéi den Adam, mee heiansdo geet et eben net anescht.