Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Stad seet op deen éischte Bléck Moien"

Literatur

"D'Stad seet op deen éischte Bléck Moien"

"Ech ginn net hei hin, fir Literatur an de Mëttelpunkt ze setzen, mee d'Begéinung", seet de Guy Helminger. Hien ass zu Porto op Hausbesuch a léisst sech bei sengen Aventuren iwwert d'Schëller kucken.

auto_stories

3 min

D'Katharina Leppert schafft an engem Tattoostudio

Begéinungen, där hat de Guy Helminger der zu Porto bis ewell eng Partie. Vun der Visite vun engem Portokeller bis bei de Besuch vun enger WG mat jonke Leit.

D'Leit hätten hie gutt opgeholl. Dobäi wier et egal gewiescht, datt hien en Auteur wier. "Si haten einfach Loscht esou eppes ze maachen an ze feieren, si hunn dat witzeg fonnt."

Dat wier dem Schrëftsteller entgéint komm. "Ech gëtt näischt méi Schlëmmeres, wéi wann ee mengt 'oh elo kënnt de kënnt de groussen Auteur an déi grouss Literatur.' Dat zerstéiert alles."

Et géing beim Hausbesuch zu Porto dorëms goen, sech kennenzeléieren an eppes aus dem Liewe vun deem Anere gewuer ze ginn. "Ech hunn et interessant fonnt, fir Liewensweeër z'entdecken."

De Guy Helminger, e Widdersproch?

Déi éischt Visite hat de Guy Helminger an enger Wunngemeinschaft vu jonke Leit - am Appartement vum Katharina Leppert. Eng jonk, wibbeleg Fra, déi an engem Tattoostudio schafft. Fir si war d’Begéinung mam Guy Helminger ee Widdersproch. "E groussen, robusten Typ, deen delikat Gedichter schreift. Dat hat ech net erwaart." De Guy Helminger wier zwar Amateur vun engem schreckleche Fussballveräin, mee hie wier en immensen Dichter, mengt d'Katharina Leppert.

Besonnesch gutt huet hir d'Gedicht "McGuy" gefall. "Et gesäit aus, 'como uma urna'. Wéi eng Urn."

Feucht ist es allemal

Die Barhocker

mit einem Bein im

lehmigen Asphalt und Paddy

in den Gläsern weil er einer

von uns war sagt der alte

Kohnen und trinkt

auf die Urne

im

Regal

"Ech hu ganz bewosst Gedichter ausgewielt, mat deenen ech kann Dommheete maachen, esou d'Ee-Mann-Show Guy Helminger. Dräi Gedichter aus dräi Epochen hat hie sech erausgesicht fir zu Porto virzedroen. Eent aus den 1980er Joren, eent aus de 1990er an eent, dat nach net verëffentlecht wier.

"Ech hu mech bewosst veriert"

Den Auteur geet am léifsten déi Weeër, déi net jidderee geet. Esouwuel a senger Literatur, wéi op senge Reesen.

Zu Porto huet hie Weeër fonnt, déi laanscht den Tourismus féieren. Awer och där anerer: "Et ass déi éischte Kéier, datt ech hei sinn. An da wëll ech bestëmmte Saache gesinn." Zum Beispill d'Kierch vun där aus een iwwer ganz Porto gesäit.

"D'Tatsaach, datt vill Leit eppes maache bedeit jo net onbedéngt, datt et schlecht ass." Mee och an deene klenge Gaasse wier d'Atmosphär gutt.

Vun der Muse gekësst?

Huet d'Rees hien dann och dozou inspiréiert fir ze schreiwen? "Ech hat direkt eng grouss Freed a mir", seet dozou de Schrëftsteller. "Et war, wéi wann d'Stad mir op den éischte Béck Moie seet."

Porto wier eng immens schéin a pittoresk Stad, "net geleckt, mee groussaarteg." De Guy Helminger hätt sech direkt wuel gefillt an dat kéint hien inspiréieren. "Mol kucken, dat seet d'Zäit déi elo kënnt." .

Et bleift awer net méi vill Zäit fir d'Blat ze fëllen. Enn Oktober muss den Auteur en Text iwwert dëse Schrëftstelleraustausch anzereechen. Am Mäerz d'nächst Joer kënnt am Kader vun der Leipziger Buchmesse en E-book eraus an deem d'Texter vun den zéng Auteure versammelt sinn, déi vum Goethe Institut op Hausbesuch geschéckt goufen. De Guy Helminger geet Enn September op e weideren Hausbesucht op Freiburg. "Mee ech schreiwen et net gär op dee leschte Stëppel."

Porto a Freiburg aus der Siicht vun engem Lëtzebuerger Auteur deen an Däitschland wunnt - do muss ee schonn e bëssen em den Eck denken. Dat gehéiert fir de Guy Helminger awer zum Beruff vum Schrëftsteller dozou.