Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah H - Livin' Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Suzanne Cotter verléisst de MUDAM

KULTUR

D'Suzanne Cotter verléisst de MUDAM

D'Direktesch vum MUDAM, Suzanne Cotter, verléisst Lëtzebuerg. No véier Joer un der Spëtzt vum "Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean" geet d'Suzanne Cotter am Dezember zréck an hiert Heemechtsland an Australien.

auto_stories

1 min

Dat deelt de MUDAM den Donneschdeg an engem Communiqué mat. An Australien iwwerhëlt si vu Januar 2022 un d'Direktioun vum "Museum of Contemporary Art Australia" zu Sydney, sou de Communiqué.

D'Suzanne Cotter géif de MUDAM nach bis Enn vun dësem Joer leeden, a si géif och beim Rekrutement fir hir Successioun hëllefen. Fir Ausstellungen, déi fir d'nächst Joer geplangt sinn, géif si och weider déi kuratoresch Leedung iwwerhuelen.


D'Suzanne Cotter zu hirem Abschied:

Lauschterenplay_arrow