Radioen

On air

De Moien  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däischtere Portrait vun der Aarbechterklass

Offiziell Kompetitioun

Däischtere Portrait vun der Aarbechterklass

De renomméierte Fotograf Richard Billingham huet mat "Ray & Liz" säin autobiografescht Wierk a Form vu Fiktioun weidergefouert. Eng Kandheet an engem schappegen Ëmfeld, net ouni Häerzlechkeet.

auto_stories

3 min

D'Liz an de Ray sinn eng Koppel vu Chômeuren, déi mat hiren zwee Bouwen an enger Sozialwunneng zu Birmingham viru sech hi vegetéieren. Eng Perspektiv op ee bessert Liewe schéngt d'Thatcher-Ära hinnen net ze bidden. An awer ass net alles verluer : ee vun hire Jonge sollt spéiderhin een international renomméierte Fotograf ginn...

De Richard Billingham huet mat sengem éischte Fiktiounsfilm ''Ray & Liz'' e Portrait vu sengen Eltere gezeechent. Eigentlech ass et d'Weiderféierung vu sengem fotografeschen a film-dokumentaresche Wierk, an deem hie schonn d'Elteren an de Mëttelpunkt gesat hat.

Beschreiwung vu prekäre Liewensbedingungen

Mam Film gëtt elo manner eng Geschicht erzielt. Et ass éischter eng Beschreiwung vun de Liewensbedingungen, an deenen de Billingham opgewuess ass. Et geet u mam Papp, dee vun der Mamm getrennt eleng an engem klengen, schappegen Zëmmer lieft. D'Zäit verdreift hien sech mat Schlofen a selwer gebrautem Béier, déi ee jonke Frënd him ëmmer erëm an nogefëllte Plastiksfläschen an d'Zëmmer bréngt. De Ray lieft a sengen Erënnerungen. Heiansdo riicht sech de Bléck dann op d'Foto vun engem klenge Jong...

A Flashbacke geet et da Joren zeréck, wéi d'Famill nach zesumme gelieft hat. De Billingham zeechent een detailléiert Bild vum prekäre Liewenskader a -stil vun engem Deel vun der englescher Aarbechterklass, déi am Chômage ënnergaangen ass : Alkoholismus, Obesitéit, Manktem un elementarer Hygiène (Kanéngerchersschass, deen dorëmmer läit ; den Hond, deen op d'Enveloppe mam mickrege Chômagegeld pisst ; de versoffene Monni, deem et iwwer dem Salonsteppech schlecht gëtt), graff Sprooch am perséinlechen Ëmgang... De Siouxsie and The Banshees-Hit ''Happy house'' gëtt där Beschreiwung den ironesche Schlëff...

Kanner sech selwer iwwerlooss

D'Eltere si passiv, lethargesch, gi kaum virun d'Dier, hu praktesch kee soziaalt Liewen, bleiwen dacks am Bett leien a schlofen. D'Kanner sinn sech selwer iwwerlooss a maachen natierlech Dommheeten. D'Kamera konzentréiert sech virun allem op dem Billingham säi jéngste Brudder. Säin eegene Personnage als Teenager bleift éischter am Hannergrond. Näischt deit op seng spéider Karriär als Fotograf hin - äusser datt hien sech an enger Zeen vu sengen Elteren entsolidariséiert, déi batter Viraussetzung fir sech kënne vun deene prekäre Liewenskonditioune lasszeléisen...

Trotz dem däischtere Bild, dat de Film am grousse Ganzen zeechent, gëtt den Elteren an anere Familljememberen dach eng gewëssen Häerzlechkeet zegutt gehalen. Souwuel de Papp wéi och d'Mamm gi sech iergendwann - mat Tréinen an den Aen - bewoosst, datt si hiert Liewe verpasst hunn. Datt de Film op Flashbacken opgebaut ass a mam Schluss ufänkt (de Papp eleng a sengem Zëmmer) ënnersträicht d'Iddi vun der Hoffnungslosegkeet, der Fatalitéit.

Kee politesche Kontext

D'Eltere kommen als Affer vun den Ëmstänn eriwwer, woubäi dës Ëmstänn awer ni thematiséiert ginn. Am Géigesaz zu anere Klassiker vum englesche Sozialdrama (Ken Loach, Mike Leigh) setzt de Billingham d'Schicksal vu sengen Elteren net ausdrécklech an ee politesch-wirtschaftleche Kontext. Op eng dramatiséiert Handlung, déi eventuell un de Sënn fir Gerechtegkeet vum Spectateur géif appelléieren, gëtt - bis op de leschte Véierel vum Film - verzicht.

De Richard Billingham schéngt éischter wëlle bei engem melancholesche Constat ze bleiwen. Als Dokument ass ''Ray & Liz'' néideg, mee net einfach ze kucken.


''Ray & Liz'' leeft dëse Méindeg 11. Mäerz um 18.30 am Utopia, en Dënschdeg 12. Mäerz um 20.30 an och e Mëttwoch 13. Mäerz um 14.00 an der Cinemathéik.