Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dalida": Gléck an Ongléck

Kino

"Dalida": Gléck an Ongléck

Den drëtte Mee sinn et 30 Joer hier, datt d'Sängerin Dalida sech d'Liewe geholl huet. Mat "Dalida" huet d'Realisatrice Lisa Azuelos elo e "Biopic" iwwert d'Sängerin realiséiert. Wann een hiert d'Liewen an 124 Minutte presentéiert kritt, da mierkt een eréischt, wat sech wierklech fir en ongléckleche Mënsch hannert der Fassade vum Dalida verstoppt huet.



auto_stories

3 min

Als Iolanda Gigliotti gouf d'Dalida gebuer, als jonkt Meedchen gouf si zu Kairo vu Schwësteren erzunn. Haut gëlt d'Dalida als Femme fatale, si huet wäit iwwer 80 Milliounen verkaaften Disken, war e Superstar mat Succès op der ganzer Welt.

Donieft steet awer d'Iolanda, eng Fra mat engem gebrachenen Häerz, op der Sich no Léift, no enger Famill mat eegene Kanner. Dat ass awer ni gelongen an doduerch ass d'Dalida een ongléckleche Mënsch ginn, dee sech dacks selwer am Wee stoung. An et ass virun allem déi Säit, déi Realisatrice Lisa Azuelos an hirem Film beliicht.

D'Dalida an d'Männer

Et ass bekannt, datt d'Dalida en turbulent Privatliewen hat. An d'Privatliewen ass och de Grond, fir deen ongléckleche Mënsch, dee sech hannert dem "Star" Dalida duerch d'Liewe gequält huet. E Liewen mat sëlleche Relatiounen an e Liewe markéiert vun de Suicidë vu Luigi Tenco, Lucien Morisse a Richard Chanfray, alles Männer mat deenen d'Sängerin liéiert war.

Am Film gëtt engem bewosst, wat fir eng predominant Roll den Doud am Liewe vun der Sängerin gespillt huet. D'Dalida an hir Männer, vill Männer, ëmmer war et déi grouss Léift, just net fir laang.

"La vie m'est insupportable"

E Mënsch ka wuel villes ewech stiechen, awer net alles. Schonn 1967, nodeems de Luigi Tenco sech d’Liewe geholl hat, war et en éischte Versuch vum Dalida sech ze suicidéieren. Vun do geet der Lisa Azuelos hir Geschicht och fort. Mat Zäitspréng geet et dann duerch der Dalida hiert Liewen.

Et ass ee Liewen, gezeechent vun Héichten an Déiften, eben ze vill Déiften. Den drëtte Mee 1987 huet d'Dalida sech an hirem Haus zu Paräis d'Liewe geholl. Op enger Kaart stoung geschriwwen: "La vie m’est insupportable. Pardonnez-moi". Am Fong steet um Enn e Suicide, deen net verwonnerlech ass. Oder war et éischter eng Erléisung fir d'Iolanda Gigliotti?

E Film dee beréiert

"Dalida" ass en melancholesche Film. E Film dee beréiert an ënnert d’Haut geet, ouni awer langweileg ze ginn. Der Dalida hir Lidder sinn an dësem Film omnipresent, praktesch all Succèse sinn ze héieren. Se sinn intelligent agesat an deels kommentéieren d'Lidder Zeenen, mol emotional, mol méi ludique.

Déi italienesch Actrice Sveva Alviti spillt d'Dalida. A besonnesch an der Mimik, wéi an hirer Kierpersprooch kënnt dës jonk Actrice ganz no un den Original erun. Et ass am Fong der Actrice hiren éischte Laangfilm, an hir Presence léisst all déi aner just zu Niewepersonnage ginn.

De Playback ass net ëmmer ganz präzis. Mee am Fall vun enger Stëmm, wéi där vun der Dalida hunn ech léiwer een "net-100-prozenteg- perfekte" Playback, wéi wann d'Actrice selwer séngt a sech dorunner d'Auer gebrach hätt. "Dalida" vun der franséischer Realisatrice Lisa Azuelos ass e kuckeswäerte Film, mat deem een zwou melancholesch an emotional Stonne kann erliewen.