Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konditioune fir e Massaker

Luxfilmfest

Konditioune fir e Massaker

"Dark Night", däischter Nuecht, heescht e Film vum amerikanesche Realisateur Tim Sutton, deen um Luxembourg City Film Festival an der Haaptkompetitioun leeft. Den Titel ass ee Wuertspill op dem Christopher Nolan säi Batman-Film "The Dark Knight Rises", a virun allem eng Uspillung op ee schrecklecht Evenement, wat mat deem Film zesummenhänkt. Ee Massaker an engem Kino, am Joer 2012.

auto_stories

3 min

Den 20. Juli 2012 ëm hallwer eng Nuets huet ee jonke Mann an engem Kino zu Aurora, am US-Bundesstaat Colorado, bei enger Mëtternuechtsséance vum Christopher Nolan sengem Batman-Film "The Dark Knight Rises" Tréinegas an. Doropshi schéisst den James Holmes och an de Publikum.

Zwielef Leit waren herno dout, an ëm déi 70 blesséiert. Dëse Massaker war dee schlëmmste vun där Zort an de Vereenegte Staaten, bis zum "Orlando Shooting" d’lescht Joer an engem Nuetsclub a Florida, deen nach méi Affer sollt fuerderen.

Dramen inspiréiert un der Realitéit

Den amerikanesche Cineast Tim Sutton huet sech un deem grujelege Fait inspiréiert. An hien huet ee méi oder wéineger experimentelle Film iwwert d’Konditioune geschaf, ënnert deenen et zu esou engem Drama kënnt.

"Dark Night" ass d’lescht Joer um "Sundance" gewise ginn a war duerno nawell erfollegräich op diversen anere Festivalen. De Sutton sot selwer, datt eng vu senge groussen Inspiratioune fir "Dark Night" dem Gus Van Sand säi Film "Elephant" war, deen 2003 zu Cannes d’Palme d'Or krut. "Elephant" thematiséiert een anere Massaker. Dee vun 1999 an engem Lycée zu Columbine, wat nëmmen e puer Kilometer vun Aurora ewech läit.

De grousse Merite vum Van Sand war, all positiivt Adrenalingefill, all onfräiwëlleg Heroïséierung vun den Täter, all iergendwéi awer "leider-geil-Coolness" aus der Schéisserei erauszehuelen. A laangen, ästhetesche Plan-Séquenzen observéiert hien d’Killer an hir Afferen a gëtt keng Erklärung firwat dat sech do ofgespillt huet. Alles wat sech aus "Elephant" degagéiert, ass e Gefill vun Trauregkeet.

Maach sinn, datt den Tim Sutton op een ähnlecht Resultat aus war. Och hie kritt et glécklecherweis evitéiert, fir der Dot iergend eppes Glamouréises ofzegewannen.

Gespills mam "Wie war et?"

Och bei him ginn et keng Explikatiounen. Hie limitéiert sech op déi reng Observatioun vu senge Personnagen: Enger ganzer Rei Leit, déi beim Massaker vun Aurora dobäi waren. De Killer gehéiert och derzou. Mä wéi eng vun de Figuren et schliisslech wäert sinn, ass laang net kloer. Et gëtt ee souguer op falsch Piste geleet.

Ee vun de Personnagen, ee jonke Mann, schéngt Episode vu Verhalensopfällegkeet gehat ze hunn. Well gewosst ass, datt den James Holmes laang viru senger Dot psychesch Problemer hat an net integréiert war, kënnt ee vireileg zur Konklusioun: Dat ass en.

Mä da gesäit een een anere Personnage seng Hoer orange fierwen. D’Fotoe vum Killer James Holmes, no senger Festnahm a spéider am Geriichtssall, mat sengen orange gefierften Hoer, sinn ëm d’Welt gaangen.

Dat Gespills mam "Wie war et?" provozéiert eng bizar Impressioun. Wat de Sutton wuel eigentlech wollt ausdrécken ass, datt d’Liewenskonditiounen an den USA aus jidderengem ee potentielle Massemäerder maachen. Seng Figuren, déi mer an deene banaalsten Alldagssituatioune gewise kréien, liewen an enger Gesellschaft, déi gepräägt ass vun Narzissmus, Konsum, Waffefetischismus, emotionaler Isolatioun a Langweil - wat et wuel inevitabel mécht datt vun Zäit zu Zäit een duerchdréint.

"Dark Night" verlaangt awer e Strapp Gedold vu sengem Publikum, fir dëse Message vermëttelt ze kréien. Zemools, well de Sutton een einfach net psychologesch waarm gi léisst mat de Leit am Film. An deem Sënn ass et och keen Hommage un d’Affer. Et léisst een zimlech kal.