Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat Béist ass net ëmmer do wou ee mengt

Liestipp

Dat Béist ass net ëmmer do wou ee mengt

E Kriminelle versetzt déi kleng bretonesch Hafestad Concarneau a Panik - an ëmmer ass grad dee schappege gielen Hond an de Féiss! "Le Chien jaune" (1931) vum Georges Simenon gehéiert zu de Maigret-Klassiker.

auto_stories

4 min

An der klenger bretonescher Hafestad Concarneau - mir sinn am kalen, naassen an däischtere Mount November - gëtt virum Hotel-Café L'Amiral e Mann ugeschoss. Kuerz drop entgeet en zweete Mann an där selwechter Wiertschaft esou just enger Vergëftung. Et dauert net laang, dann ass och nach en Drëtte spuerlos verschwonnen - säin Auto steet beim Waasser, um Sëtz si Bluttspueren.

An ëmmer ass grad dee schappege gielen Hond an de Féiss, vun deem kee weess, wie säi Besëtzer ass:

''Dans l'atmosphère de drame, ce chien à quelque chose d'inquiétant. Peut-être sa couleur, d'un jaune sale ? Il est haut sur pattes, très maigre, et sa grosse tête rappelle à la fois le mâtin et le dogue d'Ulm.''

Irrational Angscht

Eleng d'Presenz vun deem gielen Hond geet duer, fir eng irrational Angscht ënner de Bewunner vu Concarneau auszeléisen. Déi Paräisser Press kritt séier spatz, datt sech an deem Provënznascht grad eng sensationell Story am Gaang ass z'entwéckelen a schéckt Journalisten op d'Plaz, déi dozou bäidroen, d'Massepanik ze verstäerken - fir vill méi si se net ze gebrauchen. De Buergermeeschter biet d'Police, dach séier iergend e Verdächtege festzehuelen, fir d'Leit ze berouegen.

De Kontext ass hei wichteg. De George Simenon hat ''Le Chien jaune'' 1931 verëffentlecht. Frankräich krut do d'Konsequenze vun der Weltwirtschaftskris vun '29 ze spieren, mat ënner anerem enger massiver Aarbechtslosegkeet; Faschismus an Autoritarismus sollte sech weider a ganz Europa ausbreeden. De gielen Hond symboliséiert op eng Manéier dat Béist, dat sech hei annoncéiert.

Lässege Maigret

''Le Chien jaune'' ass ee vum Simenon senge méi bekannte Romaner aus der Serie ëm de Commissaire Maigret, dem erfuerene Polizist mat der Päif, dee vun den deemools nach relativ neie wëssenschaftleche Police-Methoden net vill hält.

De Maigret verléisst sech dofir éischter op säin Instinkt, mat der Legalitéit hëlt hien et och net ëmmer esou eescht. Déi Lässegkeet steet am Géigesaz zum prozedurale Geescht, dee säi jonken Assistent Leroy verkierpert - de jonken Inspekter huet awer net all ze vill ze radetten...

De Mënsch a seng däischter Säiten

Wien huet et dann op dee Grupp vu reegelméissege Gäscht aus dem L'Amiral ofgesinn? Wie sinn déi dichteg Hären iwwerhaapt ? Wat weess déi jonk Serveuse Emma? An deen zolitte Kärel mat de risege Féiss an Hänn, deen d'Police zwar kuerz ze pake krut mee deen dovu komm ass, huet dee vläicht eppes mat deem Ganzen ze dinn?

Wéi ëmmer interesséiert sech de Simenon fir d'Psychologie vu senge Personnagen. Hie wëllt hir perséinlech Geschicht, déi am Laf vun der Enquête reveléiert gëtt, verstoen. Kriminell Dote komme fir hien net vun iergend engem irrationale Béisen. Nee, si entsti ganz einfach aus mënschleche Schwächten eraus.

Déi gesellschaftlech Respektabilitéit vun den Notabelen ass och just eng Fassad, hanner där se hir méi däischter Säit verstoppen. Mee och déi kleng Leit hunn hir Geheimnisser...

De Stilist Simenon

Et sinn eben all Mënschen, an zesumme bilden se eng Gesellschaft. Mat engem Saz huet de Simenon de moralesche Portrait vun der Klengstad gezeechent:

''Et cette boue qui collait à toutes les chaussures, car Concarneau ne connaît pas encore les rues pavées !''

Dat ass nëmmen ee Beispill vum extrem spuersame Stil, fir deen de Simenon weltberüümt ginn ass, an deen ënner anerem a senge Beschreiwunge vun Atmosphären zum Ausdrock kënnt. Hei pastichéiert hien de Stil vun engem Dréibuch:

''Cela rappelait les orages tels qu'on les représente parfois au cinéma. On montre une rue riante, un ciel serein. Puis un nuage glisse en surimpression, cache le soleil. Un vent violent balaie la rue. Éclairage glauque. Volets qui claquent. Tourbillons de poussière. Larges gouttes d'eau.

Et voilà la rue sous une pluie battante, sous un ciel dramatique !''

Beschreiwunge vu Stëmmungen, déi och mat subtillem Humor kënne verbonne sinn:

''Il y avait certes quelque chose de mort dans la ville. Mais n'en était-il pas ainsi tous les dimanche matin ?''

Humor dann och a Bezuch op den Ëmgang tëschent de Geschlechter. D'Fra vum verschwonnene Personnage gëtt ze verstoen, datt hire Mann hir heiansdo friem geet. Iergendwéi entschëllegt se dat Verhalen als ee fir Männer typescht - fir dann awer ganz onschëlleg ze froen:

''Dites ! Pourquoi l'aurait-on tué ?''

Graphoman

De Belsch George Simenon gëllt net fir näischt als ee vun de wichtegste Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert. ''Le Chien jaune'' ass vläicht net säi beschte Roman. Mee wie ka scho mat Sécherheet soen, wéi een dat da wier, ënner der Hellewull u Wierker, déi de Graphoman am Laf vun senger laanger Karriär geschriwwen huet?

Fir sech kënnen en Urteel ze bilden, bleift engem wuel näischt aneschters iwwreg wéi sech un dëse Rot vun engem fréiere Franséischproff ze halen: ''Ma da liest emol eng 50 Simenonen!''