Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat do ass eng grouss Chance"

Esch 2022

"Dat do ass eng grouss Chance"

De Konschthistoriker a Konschtkritiker Christian Mosar gouf eestëmmeg als artisteschen Direkter vun Esch 2022 nominéiert. Hie kéint gutt mat der Nancy Braun zesummeschaffen a mat hir wier eng ganz gutt Fra erausgesicht gi fir Coordinatrice générale ze ginn.

auto_stories

1 min

Et géifen elo keng Hürde méi ginn, ausser datt een de Projet misst ëmsetzen. Et misst een et einfach organisatoresch maachen, an "dat ass natierlech eng grouss Erausfuerderung", esou de Christian Mosar.

De Christian Mosar ass zanter 23 Joer als fräie Mataarbechter fir de radio 100,7 aktiv. Esch 2022 stoung an der Lescht ëmmer nees wéinst Polemik oder Sträit am Mëttelpunkt. Et gouf e gewëssent Politikum dorausser. De Christian Mosar hat déi Diskussiounen natierlech alleguerte matkritt, an dat war "keng einfach Situatioun", seet hien, mee hie mengt, datt et elo vill besser wäert goen.