Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat kreatiivt Schafen an der Stad ënnerstëtzen"

Kulturentwécklungsplang zu Esch

"Dat kreatiivt Schafen an der Stad ënnerstëtzen"

Et ass net just d'Kandidatur fir déi Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ze ginn, déi den Escher Service Culture motivéiert huet e Plang opzestellen, wéi d'Kultur sech an der Süd-Metropol an de nächsten zéng Joer entwéckele soll. Nohalteg an onofhängeg vun de politesche Stréimunge soll d'Entwécklung vun der Kultur zu Esch-Uelzecht ënnerstëtzt, verstäerkt an encouragéiert ginn.

auto_stories

3 min

Ënnert dëser Prämiss huet de Ralph Waltmans den Escher Kultur Entwécklungsplang zesummegestallt. Hien ass Kultur Coordinateur bei der Escher Gemeng a Chef vun der Equipe ronderëm d'Kulturhaaptstad 2022. De Plang gouf den 30. Juni vum Escher Gemengerot eestëmmeg ugeholl.

De Kulturentwécklungsplang setzt folgend Prioritéiten:

  • D'Kreatioun ënnerstëtzen
  • Déi kulturell Diversitéit an den Accès fir jiddereen zu der Kultur fërderen
  • D'Méiglechkeet schafe, sech an der Kultur an duerch d'Kultur ze forméieren
  • Déi ekonomesch Entwécklung duerch d'Kultur ënnerstëtzen
  • Den Image vun Esch no baussen an no banne valoriséieren

Konkret Projeten

Ee konkrete Projet ass dem Ralph Waltmans no d'Biergerbühn, e Projet vum Escher Theaterkollektiv ILL. D'Iddi wier et, de sougenannte "non-public" fir d'Konscht vum Spektakel ze begeeschteren. Déi éischt Biergerbühn gëtt am September lancéiert, esou de Kultur Coordinateur.

E weidere Projet, deen op zwee Joer limitéiert ass, heescht A21 Ville Pilote a geet mat engem Atelier d'auto-évaluation un.

"Do ginn d'Stäerkten an d'Schwächte vun der Stad aus dem Bléck vun de Participante festgehalen. E Komitee soll da 'mesures pilotes' iwwerleeën, fir op dës Schwächten anzewierken."

Fir de Kënschtler selwer soll den Escher Kultur Entwécklungsplang natierlech och eng Rei Virdeeler an Vereinfachunge bei diverse Prozeduren implizéieren.

"Keng Grenze setzen"

Dem Ralph Waltmans no soll de Kulturentwécklungsplang keng Grenzen oder e strikte Kader setzen. Am Géigendeel.

"Et ass e Soutien. Duerch den Entwécklungsplang si ganz vill Saachen institutionaliséiert ginn, well si duerch de Gemengerot eestëmmeg ugeholl goufen. Do kënne mir net méi hannerrécks goen."

Dat kreatiivt Schafen an der Stad ënnerstëtze wier prioritär. Datt duerch de Kultur Entwécklungsplang villes institutionaliséiert gëtt, wier beim Tëschebilan vun den nationale Kulturassisë kritesch ervirgehuewe ginn. De Chef vum Escher Kulturservice huet op deem Punkt nach keen negative Feedback kritt.

De Kulturentwécklungsplang wier en Dokument fir Kulturpolitik, esou de Ralph Waltmans, mä "Politik dierf sech ni an d'Konscht amëschen. Allerdéngs soll alles gemaach ginn, fir datt déi Konscht méiglech ass."

Kulturassisen "net déi richteg Demarche"

Den urspréngleche Projet ass um politesche Niveau entstanen. Dat nodeems de Service Culture fir d'Escher Gemeng am Joer 2009 gegrënnt gouf. Déi éischt Aktioun vun dësem Service waren dann och Kulturassisen. Dem Ralph Waltmans a senger Equipe no wier dat eent, awer net dat Mëttel fir e Kulturentwécklungsplang op d'Been ze stellen. "Well déi Leit, déi eis interesséieren a fir déi mir dat maachen, wäerte ni bei assises culturelles matmaachen. Déi hu mir net erreecht."

Experten, professionell Leit vu Bannen a vu Baussen, vun Esch an aus dem ganze Süde si consultéiert ginn. De Konsens wier ee Prozess, seet de Ralph Waltmans. De Kulturentwécklungsplang géif d'Richtung uginn. "Mä, fir datt et eng Strategie gëtt, muss een déi eenzel Mesurë matzielen. Ech sinn honnert Prozent iwwerzeegt, datt mir d'Mesuren all hunn."