Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thin Lizzy - Dancing In The Moonlight (It's Caught Me In It's Spotlight)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat schlecht Gewësse vum fréieren Diktator

Nei am Kino

Dat schlecht Gewësse vum fréieren Diktator

"La Llorona" vum Jayro Bustamante behandelt den Trauma vun der Militärdiktatur am Guatemala, aus der Perspektiv vun den Täter. De Verweis op eng mythesch Figur schaaft en Hauch vun Iwwernatierlechem.

auto_stories

3 min

D'Déngschtmeedchen Alma (María Mercedes Coroy) - Foto: La Casa de Producción

Wéinst Genozid un der Maya-Populatioun gëtt de Generol Enrique Monteverde, fréieren Diktator vu Guatemala, viru Geriicht fir schëlleg gesprach. Allerdéngs huet d'Verfassungsgeriicht dat Urteel nees gekippt, wat massiv Protester ausléist. Den eelere Monteverde verschanzt sech mat senger Famill an engem Bodyguard a senger Villa, déi Dag an Nuecht vu Manifestante belagert gëtt. An där gespaanter Situatioun gëtt dann een neit Déngschtmeedchen aus der Maya-Ethnie engagéiert. Mee wat weess ee scho vun där jonker Alma?

"La Llorona" ass den drëtte Film vum guatemaltekesche Realisateur Jayro Bustamante. Et ass nach kee Joer hier, datt säin absolut iwwerzeegenden "Temblores" - een Drama iwwer dat verstéiert Verhältnis zur Homosexualitéit am ultrareliéise Guatemala - op eisen Ecranen ze gesi war. Mat sengem neiste Film huet de Bustamante, Joergang 1977, säin Talent confirméiert.

Erscheinunge vum schlechte Gewëssen

Thematiséiert ginn hei d'Nowéie vun der bluddeger Diktatur am latäinamerikanesche Staat - aus der Perspektiv vun den Täter. Déi fréier Membere vun der Militärjunta riede sech zwar an, deemools Helden am Kampf géint de Kommunismus gewiescht ze sinn. Mee déi Fiktioun, déi si selwer net wierklech ze gleewe schéngen, zerbréckelt. De fréieren Diktator plot dat schlecht Gewëssen. Wat huet een och vun der Pensioun an der confortabeler Villa mat Gaart, wann dobaussen Dag an Nuecht Familljememberen a Kolleege vun Affer vun der Diktatur Kaméidi maachen oder stomm Portraite vun de Vermëssten an d'Luucht halen?

Nuets héiert den ale Monteverde och Geräischer, wéi eng Fra, déi kräischt ... Bilt hie sech dat nëmmen an? D'Halluzinatioune schénge méi konkret Zich unzehuelen, wéi op eemol dat neit Déngschtmeedchen (María Mercedes Coroy) an d'Haus kënnt, eng jonk Fra, déi wéi eng iwwernatierlech Presenz wierkt ...

De Mythos vun der Fra, déi kräischt

De Jayro Bustamante gräift d'Legend vun der Llorona op, der Fra déi kräischt. Dës Figur aus dem latäinamerikanesche Folklor - eng Fra, déi hir Kanner soll erdronk hunn an et duerno bereit - huet am Laf vun der Zäit verschidde Funktiounen erfëllt: ënner anerem als Warnung fir d'Männer a fir d'Fraen, datt si hire respektive Partner sollen trei bleiwen, oder och als Identifikatiounsfigur fir ënnerdréckte Gruppen aus der Gesellschaft, dorënner Fraen an déi indigen Ethnien. Am Film ginn dës Funktiounen all zu engem villschichtege Ganze vernetzt.

"La Llorona" ass virun allem och e Film iwwer Fraen. Si verbënnt eng gewësse Solidaritéit ënnerteneen, sief et, datt si op der Säit vun der ënnerdréckter Minoritéit sinn, sief et zur Famill vum fréieren Diktator gehéieren. Well och d'Frae verkierpere gewëssermoossen dem Monteverde säi schlecht Gewëssen. Geschützt ass hie mol net méi a sengem eegenen Haus, dat prekäert Gläichgewiicht ass drop an drun ze kippen.

En Hauch vun Iwwernatierlechem

D'Duechter stellt de Papp an d'Mamm zur Ried, an d'Enkelin, nach e Kand, schléisst mat engem symbolesche Geste mam Grousspapp of: déi jonk Generatioune schénge sech vun der Diktatur wëllen ze distanzéieren. Deen interessantste Personnage ass dem Monteverde seng Fra Carmen (Margarita Kenéfic). Dat schlecht Gewësse manifestéiert sech bei hir a Form vun obsessiven Albdreem. Hire fanatesche reliéise Glawen hält si nëmmen eng Zäit iwwer Waasser - och déi Fassad zerbréckelt lues a lues, virop de Glawen un hire Mann ...

"La Llorona" ass e komplexe Film, dee mat der Déift vun de Biller spillt, fir op d'Wourecht am Hannergrond hinzeweisen. Déi réi, kal Faarwe schafen e Gefill vu Malaise an en Hauch vun Iwwernatierlechem schwieft permanent iwwer dem Jayro Bustamante säi Wierk, ee weidert aus senger nach klenger Filmographie, dat alt nees absolut kuckenswäert ass.