Radioen

On air

Kultur um 5  |  Interpol - Obstacle 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat war dach näischt Besonnesches"

Geschicht

"Dat war dach näischt Besonnesches"

Lëtzebuerger Fraen hate wärend der NS-Besatzung e wichtege Bäitrag am Widderstand geleescht. Allerdéngs ass hir Roll laang op alldeeglech Hëllef a moralesch Ënnerstëtzung minimiséiert ginn. An enger rezenter Videokonferenz fir den nationale Resistenz-Musée si Spezialistinnen ze Wuert komm.

auto_stories

6 min

Fraen als Affer: dat war dat dominant Bild, dat nach laang nom Krich vermëttelt gi war, seet d'Historikerin Elisabeth Hoffmann:

"Wenn iwwerhaapt iwwer d'Fraen am Widderstand geschwat gi war, da louch de Fokus éischter op hirem Leidenswee no hirer Widderstandsaktioun: an de Prisongen a KZer."

Et huet bis Enn den 90er Jore gedauert, bis de Sujet vun de Lëtzebuerger Widderstandskämpferinnen eng éischte Kéier wëssenschaftlech behandelt gouf, seet d'Nicole Jemming. Déi geléiert Soziologin hat en Artikel am Sammelband "Wenn nun wir Frauen das Wort ergreifen'' vun 1997 verëffentlecht. Bis dohinner wier d'Roll vun de Fraen an offizielle Publikatiounen iwwer d'Resistenz op Stereotyppe reduzéiert ginn:

"Virun allem op hir Roll als Hëllef am Alldag fir Verfollegter: Wunnengen zur Verfügung stellen, kachen, d'Wäsch maachen, Kleeder flécken... Och de Beräich vun der moralescher Ënnerstëtzung gouf ëmmer erëm ervir gehuewen. Vun de Refractairen an anere Verfollegten, déi vun de hinne verstoppt gi waren, goufen d'Fraen dacks als Mamme beschriwwen."

Breetgefächert Missiounen

D'Hëllef am Alldag vum Widderstand hätt schonn der Realitéit entsprach, mee nëmmen deelweis, sou d'Nicole Jemming:

"Trotz allem kann ee soen, datt d'Fraen dat selwecht gemaach hate wéi d'Männer. Si ware bal an alle Beräicher vum Widderstand aktiv. Fir déi eng wéi fir déi aner war d'Gefor déi selwecht."

Wéi breetgefächert d'Missioune vun de Resistenzlerinne waren, géifen d'Demandë weisen, déi 86 Fraen nom Krich ausgefëllt hate fir kënnen d'Medaille de l'Ordre de la Résistance ze kréien. Sou hat zum Beispill d'Marie-Françoise Bontemps Spionage-Aktivitéiten am Déngscht vun der Organisatioun Deuxième Bureau français uginn. Si war och eng vun de rare Fraen, déi Féierungspositioune besat haten.

Wéineg Fraen hate sech deemools un der Formulatioun vun den Iddie vun der Resistenz bedeelegt, dorënner d'Alice Wilhelm-Goldschmitt, mat Artikele fir d'Zäitschrëften "Ons Heemescht" a "Fräie Lëtzebuerger". Anerer waren als Passeusen aktiv, haten alt emol och fir den arméierten Ënnergrond geschafft.

Lily Unden, Marie Brix

Der Nicole Jemming no haten dogéint vill Fraen Iessen, Kleeder a Sue beschaaft, a Wunnengen zur Verfügung gestallt fir politesch Flüchtlingen, Deserteuren, alliéiert Zaldoten, déi entkomm waren, oder Passeuren. Hei de Fall vun der Liliy Unden:

"Si hat hir eege Wunneng fir Treffe vun der Lëtzebuerger Patrioteliga (LPL), dem Lëtzebuerger Roude Léiw (LRL) an der Lëtzebuerger Volleksliga (LVL) zur Verfügung gestallt. Hir war, eegenen Aussoen no, dru geleeën, datt déi dräi Organisatioun sollten zesummeschaffen. D'Lily Unden hat awer och franséisch Krichsgefaangener a jüddesch Famillen ënnerstëtzt. An dann hat se och ee vun der Gestapo gesichte Resistenzler sechs Woche laang bei sech doheem verstoppt."

D'Missioune vun de Resistenzlerinnen hate sech am Laf vum Krich verännert, ware méi komplex an och méi geféierlech ginn. No hirer Entloossung aus dem KZ-Ravensbrück hat d'Marie Brix beschriwwen, wéi Zwangsrekrutéierter eraus geschleist goufen - eng villfälteg Aktivitéit, déi Improvisatiounstalent erfuerdert hat, erkläert d'Kathrin Mess:

"Wann zum Beispill Zwangsrekrutéierter aus hire Kasären ofgeholl gi waren, haten Transportticketen an zivil Kleedung misste besuergt ginn. E gefälschte Congésattest an e Pass hate mussen organiséiert ginn. An dann hat een natierlech Sue gebraucht. A wann d'Ofhuelen an d'Begleede gegléckt waren, dat heescht wann déi verschidde Kontrollen am Zuch an op der Gare mat Succès bewältegt goufen, hat am Ziluert mussen eng Wunneng organiséiert ginn oder - nach besser - e Passage iwwert d'Grenz.

A Frankräich an an der Belsch goung d'Versuergung vun de Flüchtlinge weider. Op si hat e ganze Reseau vun Aktive gewaart, déi erëm eng Kéier eng Wunneng, Kleeder an Iessen hate missten organiséieren. Net zulescht hat missten nom Ëmfeld vun de Flüchtlinge gekuckt ginn. Och si hate misste geschützt ginn, well d'Roserei vun den NS-Autoritéiten sech vun do un op si geriicht haten."

Firwat hu sech Fraen am Widderstand engagéiert?

Eng Partie Fraen hate sech bewosst dem Widderstand ugeschloss, well se souwisou politesch aktiv waren, wéi d'Kommunistinne Marie Demuth an Yvonne Useldinger, oder d'Lily Unden, déi vu chrëschtlechen Idealer ugedriwwe war. Déi allermeeschte Resistenzlerinnen hate sech awer eréischt no an no politiséiert. Fir d'Marie Weiler-Closter, zum Beispill, war d'Zwangsrekrutéierung vun 1942 un d'Haaptmotivatioun, fir sech z'engagéieren, sou d'Kathrin Mess:

"Et muss ee bedenken, datt déi meeschte Frae virdrun net politesch engagéiert oder interesséiert waren. Als Bauerinnen oder Aarbechterinne ware se scho genuch mat der Versuergung vun hirer Famill beschäftegt. Vill Frae koumen aus aarme Famille vu Schmelzaarbechter oder Doléiner. An der Reegel waren se Membere vun der kathoulescher Kierch, déi den Nationalsozialismus als Ideologie am Ufank ausdrécklech begréisst an als Bastioun géint de Kommunismus gesinn hat.

Vill Fraen haten och ënnert engem Alldag ze leiden, deen ëmmer méi schwéier z'organiséiere war. Dat hat sécherlech och zu enger ëmmer méi grousser Politiséierung bäigedroen. Ënnert der Nationalsozialistescher Besatzung waren op eemol ganz alldeeglech Aktivitéite kriminaliséiert ginn: Déiere schluechten ouni Autorisatioun; d'Aarbechtsplaz ouni Erlabnis vum Aarbechtsamt wiesselen oder sech weigeren, eng Aarbecht ze maachen, zu där ee gezwonge gi war; englesch Radiosendere lauschteren; ouni Erlabnis iwwert d'Grenz goen; an nach villes méi."

A Frankräich gouf et mat der Union des jeunes filles de France eng spezifesch weiblech Widderstandsorganisatioun, wéi et der soss néierens gouf. Dozou d'Florence Hervé:

"Hannert der Grënnung vun der Union des jeunes filles de France vun der Danielle Casanova, enger Kommunistin, gouf et deen heite Gedanken: et gëtt Saachen, déi mir och an der politescher Aarbecht net mat de Männer beschwätze kënnen. Et gëtt besonnesch Problemer, déi mer wëllen diskutéiere kënnen ouni Schimmt an ouni eis zréckzehalen. A wéi mer wëssen, ergräifen d'Männer d'Wuert wärend d'Fraen näischt soen...

Also et gëtt vill Grënn, firwat déi Organisatioun geschaaft gi war an et ass hir zouzerechnen, Fraen ugezunn ze hunn, déi sech soss net an eng gemëschte Widderstandsorganisatioun engagéiert hätten."

Fir vill Frae wier den Engagement an der Resistenz u sech schonn eng Zort Befreiung gewiescht:

"Net nëmmen déi allgemeng national Befreiung, mee och d'Befreiung aus ënnerdréckte Verhältnesser. Oder d'Méiglechkeet, fir aus dem Haus oder Stot erauszekommen an esou ganz nei Erfarungen ze maachen. Ech mengen, datt déi Befreiungsbeweegung weidergaange war, um Beispill vum Fraewalrecht, dat a Frankräich ganz spéit agefouert gi war (Abrëll 1944, md). Dat Bewosstsinn no 1945 hat vill Fraen dozou beweegt, d'Diskriminéierung vu Fraen a Fro ze stellen an hir Roll an der Gesellschaft nei z'iwwerdenken."

Bescheidenheet iwwer déi eege Roll

An de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich gouf de Bäitrag vun de Widderstandskämpferinnen net wierklech wouer geholl an honoréiert. Dat hätt ënnert anerem mat der passiver Roll ze dinn, déi de Fraen allgemeng an der Nokrichsgesellschaft zougeschriwwe gi war. Mee och mat der Bescheidenheet vun de Fraen.

Wärend d'Lëtzebuerger Männer hir Resistenz-Aktivitéiten am Detail dokumentéiert haten, waren d'Demandë vu Fraen en vue vun der Resistenzler-Medaile relativ kuerz gefaasst. 2002 eréischt hat d'Madeleine Weis-Bauler hir Memoirë verëffentlecht - virdru goufe kaum Temoignagen aus éischter Hand vu Frae publizéiert. Dozou d'Nicole Jemming:

"Als Begrënnung fir hiert Engagement hate vill Frae gesot: et war dach näischt Besonnesches, dat hunn ech einfach esou gemaach, dat war selbstverständlech... Am Kader vu menger Aarbecht iwwer Fraen an der Resistenz gouf dat wärend de Gespréicher wierklech dacks gesot."

Net eleng dowéinst bleift, wat d'Roll vun de Widderstandskämpferinne wärend dem Zweete Weltkrich betrëfft, nach villes ze erfuerschen.