Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David géint Daviden

Mjölk vum Grímur Hákonarson

David géint Daviden

Mëllech ass gutt a bëlleg. Esou Spréch kennt ee vu fréier. Déi stëmmen awer net ganz, wann een engem Veganer nolauschtert oder wann een islännesch Filmer kuckt. Op déi vegan Approche geet den Tom Dockal net an, dofir awer op déi aus islännesche Filmer. Ee vun deenen heescht Mjölk an ass aktuell am Ciné Utopia ze gesinn.

auto_stories

4 min

Am November ass et ee Joer, datt Woman at War vum Benedikt Erlingson de Lux Film Prize gewonnen huet. De Filmpräis vum Europäesche Parlament huet domat net just islännesche Film courronéiert, mee och een, deen eng Fra als Haaptprotagonistin hat, déi géint de gesellschaftleche Status Quo ugekämpft huet. Datt dat geheescht huet, datt si mat Feil a Bou op Stroummäscht geschoss an domat d'Stroumversuergung vun hallef Island sabotéiert huet, ass elo net weider wichteg. Wichteg ass, datt aus Woman at War elo kéint Women at War ginn. Net Fra, mee Fraen. En islännesche cinematic universe quasi. Mat Mjölk huet sech nämlech no véier Joer den Islänner Grimur Hakonarson zeréckgemellt.

A Mjölk geet et ëm genau dat, wat em Titel steet: Mëllech. Mee virun allem geet et ëm eng Fra, déi mat hire Moyene géint de gesellschaftleche Status Quo ukämpft.

Op ee Mol eleng mat der viller Aarbecht

Dës Fra ass d'Inga, déi mat hirem Mann e Bauerenhaff bedreift. E Familljebetrib, dee vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe gëtt. Den Haff beusprocht sou vill Zäit an d'Liewe vun der Koppel, datt souguer am Bett nach vum Dokter geschwat gëtt, deen d'Kéi soll besome kommen. De Rendez-Vous wier nach net gemaach. Déi lescht Vakanz ass scho jorelaang hier an ass nach esou laang net an Aussiicht. Dat huet seng Grënn, De Bauerenhaff huet Scholden. Zënter gefillten Éiwegkeeten an net ze mann. Scholden, déi vun der lokaler Kooperativ opgefaange gëtt. Mee enges Nuets geschitt en Ongléck. Dem Inga säi Mann kënnt an der Däischtert mam Camion vun der Strooss a kënnt ëm d'Liewen.

Den Deuil ass net vu laanger Dauer. D'Inga muss sech ëm d'Kéi an ëm den Haff këmmeren an obschonn d'Kooperativ Hëllef ubitt, sinn d'Intentiounen hirersäits alles anescht ewéi hëllefsbereet. Mee net mam Inga.

Kee Kampf David géint Goliath, mee een David géint Daviden

De Grimur Hakonarson hat 2015 mat Rams e Film realiséiert, deen um Radio net just d'Filmleit, mee d'Kulturredaktioun iwwerhaapt vun de Schlappe gerappt huet. Zwee Bridder. Zwee Schofsziichter, déi sech op den Doud net ausstoe kënnen. An déi islännesch Natur. Mat wéinegen Dialogen a mat engem vun deene gréisste Filmschlussen an de leschte Jore wousst de Grimur Hakonarson ze iwwerzeegen. An elo säi Woman at War. Mjölk huet, wéi am Film vum Erlingson, eng ähnlech tockskäppesch Fra am Mëttelpunkt, déi et net op sech sëtze léisst. Mee do wou Woman at War mat Momenter an de magesche Realismus eriwwergeet, bleift den Hakonarson ganz naturalistesch. Hie vertraut senger Haptprotagonistin, gespillt vum Arndis Hrönn Egilsdottir a sengem Kameramann fir islännesch Natur opzefänken, fir de Film ze droen.

Rams hat d'islännesch Natur an hir Gewalt als onkreditéierten Haptpersonnage. Dat ass elo manner staark de Fall, mee de Realisateur léisst sech net lompen, fir säin Inga als onbewosst Naturmutter ze schreiwen. Déi éischt Sequenz vum Film spillt ganz bewosst domat, gesäit ee si jo net enger Kou ze hëllefen, e Källefchen op d'Welt ze bréngen. Natur- an Déiereléift ass dacks en Zeeche fir reaktionäert populistescht Verhale bei Mënschen, mee Mjölk inzenéiert eng Fra, déi zwar sozial Medie benotzt - wéi all reaktionäre Mënsch - mee d'Ongerechtegkeet, déi si erlieft, ass esou onfaaassbar grouss fir si, datt si einfach nëmmen nach knallhaart zeréckschloe kann. A sief et mat modeste Mëttel. Mjölk ass kee Kampf David géint Goliath, mee een David géint Daviden, déi sech all openee gestallt hunn, fir zu engem Goliath ze ginn.

E Film géint Ongerechtegkeeten déi vun der klenger Fra a vum klenge Mann verüübt ginn

An där Prämiss läit natierlech d'Stäerkt an d'Schwächt vum Film zugläich. Et ass jo net wéi wann ee sou eppes nach ni gesinn hätt, mee de Film strotzt vun Empathie fir dee Personnage, deen zwar stoesch wierkt - der Egilsdottir hiert Gesiicht ass konsequent - mee de ganze Rescht ass et guer net. Mjölk ass kee Film vum klénge Mann - oder Fra - géint dat grousst béist Kapital, mee géint eng Entitéit, déi am Numm vum klénge Mann - oder Fra - Ongerechtegkeete beginn.

Mjölk schléit nach laang net esou a wéi Rams, beweist awer nees, datt esou eng kléng Filmlandschaft, wéi déi islännesch, mat enger Handvoll Filmer richtegen Androck op der grousser Filmbühn hannerloosse kann.