Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Shakespeare ass viru 400 Joer gestuerwen

Literatur

De Shakespeare ass viru 400 Joer gestuerwen

Den 23. Abrëll viru 400 Joer ass de briteschen Dramatiker an Dichter William Shakespeare gestuerwen. Zu Stratford-upon-Avon steet den Ament alles am Zeeche vum groussen Auteur: Vum Shakespeare-Béier, dem Kichelchen a Form vu sengem Gesicht, dem T-Shirt bis bei d’Kichenduch. Mir hunn an der Heemechtsstad vum Shakespeare mam Expert Stanley Wells geschwat.

auto_stories

6 min

Zu Stratford-upon-Avon dréit sech de Moment alles ëm de Shakespeare

De Stanley Wells huet säi Liewen dem Shakespeare dediéiert: De britesche Poet a Lyriker gehéiert zu sengem Alldag. De 85 Joer ale Spezialist ass och Honorary President vum Shakespeare’s Birth Trust, deen ganz am Zeeche vum 400. Doudesdag vum Shakespeare steet.

De Stanley Wells weess vill iwwer de Shakespeare ze zielen, ugefaang bei senger Kandheet a sengen Originen. "Mir wëssen datt säi Pap e wichtegen an prominenten Awunner vu Stratford war. Seng Eltere waren am Fong Leit vum Land déi an d’Stad komm sinn, fir Suen ze verdéngen".

Sécher ass dem Stanley Well no och, datt de William Shakespeare zu Stratford an d’Schoul gaang ass. "Säi Schreiwen reflektéiert d'Educatioun dei hien hei an der Grammar School am elizabethaneschen Zäitalter kritt huet, eng Educatioun déi sech op d’Klassik baséiert, op d'Rhetorik, an d'Gedichter. Dat gesäit een a sengem Schreiwen", sou den Expert.

Och Stécker am Kollektiv publizéiert

Dem Shakespeare seng Popularitéit ass war an ass grouss. Richteg bekannt ginn ass hien zum Schluss vum 18. Joerhonnert un, wou hien zu enger wichteger Kraaft am Theater ginn ass. Haut ass hie bekanntlech op ville Supporten ze fannen, am Film, op der Tëlee an um Radio. "Hien ass eng immens wichteg Figur, a seng Theaterstécker si Formen vun Amusement, awer och vun Intuitioun vu Wëssen. D’Wierker beliichten d’Behuelen vun de Leit, normale Leit an deenen a Muechtpositiounen".

Ronderëm de Shakespeare ginn et – wéi bei anere wichtegen historesche Personnagen – allerhand Theorien. Eng dovun ass, datt de berühmten Auteur net just eng Persoun war, mee datt e ganze Kollektiv vu Poeten hannert de Wierker géif stiechen. Dëst wier zum Deel net falsch, esou de Stanley Wells. "Et war an der Zäit normal Wierker an Zesummenaarbecht ze schreiwen, an eng Rei Theaterstécker goufen och esou publizéiert. Dat gëllt och fir de Shakespeare. Ee vun sengen Theaterstécker,nämlech The Two Noble Kinsmen gouf 1634 als Zesummenaarbecht vum Shakespeare an dem John Fletcher verëffentlecht", sou de Shakespeare-Expert.

Stylistesch Analysen vun enger Rei aneren Theaterstécker vum Shakespeare weisen, datt hie virun allem am Ufank vu senger Karriär als Freelance-Auteur mat anere zesumme geschaf huet, dorënner dem Thomas Nash an dem George Peele. Dat heescht awer net, sou den Expert, datt déi Zesummenaarbechten d'Regel wieren. Hien huet "keen een Zweiwel drun", datt d'Theaterstécker aus dem Shakespeare senger wichteger Period – vun 1594 bis hin zu dem éischte Joerzéngt am 17. Joerhonnert – och vum William Shakespeare selwer geschriwwe goufen.

Froen déi nach ëmmer relevant sinn

Och 400 Joer nodeems de Shakespeare gestuerwen ass, bleift hien relevant, dovun ass de Stanley Wells iwwerzeegt. Virun allem um Niveau vun den Themen déi de hien abordéiert, "well dës nach ëmmer aktuell sinn". Zum Beispill den Hamlet an d'Froen déi hien sech iwwer den Universum an d'Liewe nom Doud stellt: "To be or bot to be, zum Beispill". Doriwwer eraus géifen d'Stécker sech un verschidden Alterskategorien riichten. "A Midsummer Night's Dream zum Beispill ass och eppes fir ee méi jonke Publikum", sou de Stanley Wells.

D’Theaterstécker vum Shakespeare si mëttlerweil a vill Sproochen iwwersat ginn. Dat erméiglecht quasi der ganzer Welt, e perséinlechen Zougang dozou ze fannen. "Zemools well et och ganz gutt Iwwersetzunge vum Shakespeare ginn. Déi englesch Sprooch ass natierlech ganz wichteg beim Shakespeare, mee d'Bedeitung vun den Texter och, an déi kënnt och an Iwwersetzungen eriwwer".

A Shakespeare ass zougänglech, seet de Stanley Wells, "och wann et net sou einfach ass wéi d'Zeitung ze liesen". De Stanley Wells ass iwwerzeegt, datt een och an nach emol 400 Joer dem Shakespeare wäert gedenken. Ausserdeem mengt den Expert, datt de Bard of Avon, wéi de Shakespeare och genannt gëtt, och an Zukunft ëmmer nees wäert op der Bühn opgefouert, oder a Filmer adaptéiert ginn.