Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bertrand Tavernier ass dout

Kino

De Bertrand Tavernier ass dout

De Bertrand Tavernier, e "grand monsieur" vum franséische Kino, ass dout. De Cineast ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen. Am Laf vun enger laanger Karriär hannert der Kamera huet den Tavernier eng diversifizéiert Filmographie hannerlooss: historesch Filmer, Krimien, zäitgenëssesch Dramaen...

auto_stories

1 min

Ënnert de Filmer, vun deenen der vill mat Präisser gekréint goufen, kann een zum Beispill "L'horloger de Saint-Paul", "Coup de torchon", "Le Juge et l'assassin", "L'Appât", "L.627" oder nach "Capitaine Conan" ervir hiewen. De Philippe Noiret war säi Fetisch-Acteur.

De politesch lénks engagéierte Bertrand Tavernier war och bekannt fir seng Beméiungen zugonschte vum filmesche Patrimoine. Hie gëlt iwwerdeems als Referenz a Punkto amerikanesche Kino.

An deene leschte Joren hat hien ënnert anerem eng Kollektioun vun amerikanesche Western-Romaner beim franséische Verlag Actes sud geleet. Dat war och d'Theema vum Interview, deen de Michel Delage 2019 um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam Bertrand Tavernier gemaach hat.

Lauschtert dee ganzen Interview mam Bertrand Tavernier vun 2019