Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De beschte Libesfilm vum Joer

Portrait de la jeune fille en feu vun der Céline Sciamma

De beschte Libesfilm vum Joer

Laang huet ee sech misse gedëllegen, bis en de Wee an déi lokal Kinoe gepackt huet. "Portrait de la jeune fille en feu", den neie Film vun der Realisatrice Céline Sciamma, zu Cannes mam Zeenariospräis priméiert, erzielt eng Libesgeschicht, an dann nach esou vill méi. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen de Film zanter senger Sortie e puermol gesinn huet an elo e puer Andréck formuléiert.

auto_stories

4 min

D'Bretagne am 18. Joerhonnert. Eng Gräfin bestellt sech eng Molerin, fir e Portrait vun hirer Duechter ze zeechnen. Dee Portrait soll dann un de versprachene Freier an Italie goen. E Konschtwierk, dat u sech als grafesch Iwwerzeegungsmëttel fir deen Här soll déngen. Eng Aart Proto-Tinder-Profilfoto.

Just: d'Duechter huet absolut keng Loscht, sech bestueden ze loossen a géif léiwer hir Zäit am Klouschter verbréngen. Als Portraitmodell ze déngen a virun allem ze sëtzen, kënnt fir si guer net an d'Tut. Der Gräfin hire Plang ass et dofir, d'Molerin als Spadséier-Begleedung ze verkafen, déi dann owes verstoppt hir Portraitsaarbecht aus hirer Memoire eraus mécht.

Foto: IMDb

Déi éischt Kontaktversich sinn deementspriechend ugespaant, mee lues a lues entwéckelt sech tëschent deenen zwou jonke Fraen eng Komplizitéit. D'Gräfin hirersäits decidéiert, an Italien ze fueren, fir den Zukünftege sichen ze goen. D'Molerin an déi Versprache si fir e puer Deeg quasi eleng op sech gestallt.

D'Libesgeschicht als Virdergrond

Wouhinner de Film histeiert, ass awer scho laang virun deem Depart kloer. Dat spiert een an der Interaktioun vun den zwou Fraen. Déi eng mécht sech där anerer lues a lues op, an déi zweet kuckt an observéiert déi éischt an et weess een iergendwann net méi, wat fir Intentiounen déi Blécker hunn.

"Portrait de la jeune fille en feu" huet natierlech eng Libesgeschicht am Kär. Ass e Libesfilm am allgemenggültegste Sënn vum Wuert. Mee wéi all grousse Film an der Filmgeschicht, esou erzielt och der Sciamma hire Film virdergrënneg eng Geschicht, an hannendrun nach eng aner. Am Fall vum "Portrait de la jeune fille en feu" sinn dat awer eng ganz Rëtsch vu Geschichten.

Virop erzielt "Portrait" eng Libesgeschicht tëschent zwou Fraen. Am Frankräich vum 18. Joerhonnert. Datt d'Period Schwieregkeete fir d'Laangfristegkeet vun där Léift mat sech bréngt, läit op der Hand. Mee de Genie vun der Approche zu eben där Problematik ass, dat se an der Retenue bleift. Wéi esou zimlech alles an deem Film.

Déi stäerkste Libesgeschicht zanter Joren

Mir Spectateure kënnen eis denken, datt d'Patriarchat a gesellschaftlech - heteronormativ - Normen deene béide Fraen e Stréch duerch d'Rechnung iergendwa maachen. An dofir leet d'Céline Sciamma hir Opmierksamkeet op d'Bléi vun der Léift an hir Nowéien an irreparabel Konsequenze bei béide Parteien.

Mat där Approche liwwert d'Realisatrice net just déi stäerkste Libesgeschicht um Kinosecran zanter Joren, mee feiert do dernieft - wann een esou wëll - feministesch Produktiounsmëttel fir eng duerch an duerch feministesch Geschicht ze erzielen. E Film iwwer Frae vu Fraen a fir Fraen.

Brillant Schauspillerinnen

D'Adèle Haenel an d'Noémie Merlant brilléieren an hire respektive Rollen. Ënner dem Deckmantel vum Kostümsfilm mat all senge Coden, Restriktiounen an Artificë kanaliséiere si en Entworf vu Léift, déi a senger Verspilltheet an Natierlechkeet net ze iwwertreffen ass.

Hanner der Kamera steet net just d'Sciamma - déi mat hirem Wierk bis ewell nach net donieft getratt huet. Mee nieft hir steet och d'Kamerafra Claire Mathon. Eng beandrockend Fra, déi eleng op deem Film hei d'Bestietnis vu Molerei a filmeschem Bild vollbruecht huet, wéi zanter immens laangem kee méi. Op hirem CV steet net just de beandrockende "L'inconnue du lac" vum Alain Guiraudie, mee och "Atlantique" vum Mati Diop, deen am Fréijoer zäitgläich mam Portrait op d'Gëlle Palm gewaart huet.

Vun Akademismus keng Spur

Deen an de Geeschteswëssenschafte vill beschwate Male gaze kritt am "Portrait de la jeune fille en feu" e Géigenentworf dohinner gestallt. Female gaze wier natierlech déi logesch Benennung dovunner, mee dréit dem Point de Vue vum Film net Rechnung genuch.

Den Akademismus, deen dem Film vu verschiddene Säite virgeworf gëtt, ass u sech guer keen. Deem heite Film Akademismus an der Mise en scène virzegeheien, ass esou onsënneg, wéi ze soen, dat Filmer vum Bresson oder vum Ozu akademesch wieren. Déi wéineg Coupen, déi de Film lant - sief et den dramaturgesche Bascoulement an der Mëtt vum Film am Zesummenhang mat där schéinster Musekszeen am Kino zanter Joren an de Schluss funktionéiere just, entluede sech ebe grad, well de Film an aller Rou seng Personnagen opbaut an d'Mise en scènë scheinbar zeréckhalend alles a Plaz stellt.

Melancholiker a Melancholikerin, Mënsche mat engem nostalgeschen Hang, kréie mat dësem Film endlech de Beweis, dat hir Aart a Weis, mat scheinbar vergaangene Liewensepisoden ëmzegoen, an der Rei ass. An ni wierklech vergaange sinn. Wien "Portrait de la jeune fille en feu" net fillt, huet en Häerz aus Steen a weess net de Film vum Joer z'erkennen.