Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Choix Delvoye fir 10 Joer Mudam

Zäitgenëssesch Konscht

De Choix Delvoye fir 10 Joer Mudam

De Belsch Wim Delvoye, Joergang 1965, hat sech als jonke Konschtstudent als mëttelméissege Moler mam Nieweberuff Konschtproff fir Owescourse gesinn. Elo ass hien ee vun den erfollegräichste Konzeptkënschtler vu senger Zäit. Fir “10 Joer Mudam” ze feieren ass de Choix op eng Delvoye-Retrospektive gefall, déi sech fir de Musées-Direkter Enrico Lunghi imposéiert huet.

auto_stories

3 min

Wim Delvoye

Gëtt een www.wimdelvoye.be an de Computer an, da lant een an der “WimCity” – wou och soss - also Ae an Ae mat enger relativ simpler Computergrafik vun enger Stad, déi un déi Stroosse-Spillteppecher fir Kanner erënnert. Mee fuert awer elo net mat engem Spillauto iwwert den Ecran, klickt léiwer op déi verschidden Ikonen, op den Tattooe-Shop, d’Pneuefabrick oder de Stadion: d’Dokumentatioun hannendrun ass iwwerraschend komplex a komplett.

Wien den Ament awer an enger summerlecher Dokumenterliespaus ass, huet, am Mudam d’Méiglechkeet duerch “Wim City” ze spadséieren. De Pei-Musée presentéiert “Share”, eng Wim-Delvoye-Retrospektive, déi net klassesch chronologesch, mee thematesch opgebaut ass, an zwar a 4 Kapitelen: l’invention du quotidien/ origines/ l’ornement est un crime/ monuments.

“D’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte hat scho Wierker vun him kaaft”

Domat huet den Enrico Lunghi sech selwer an och de Visiteuren fir den zéngte Gebuertsdag e besonnesche Gebuertsdagscadeau gemaach. Wéi no enger Ausstellung gesicht gouf, déi ee kéint organiséieren, “hunn ech gesinn, datt de Wim ëmmer nach dobäi war bei all Etapp. An do hat ech, mengen ech, och ganz gutt Argumenter”, sou den Direkter vum Mudam. De Wim Delvoye wier een “immens internationale Kënschtler, an en ass zu Lëtzebuerg ëmmer immens präsent gewiescht”.

De Paul Reiles, Direkter vum Nationalmusée, war esou begeeschtert vun der Ausstellung, datt hie fir Kritik daf ginn ass, a fir seng Institutioun d'Wierk “Le chantier” zeréck leeë gelooss huet. Doriwwer eraus huet sech erausgestallt, datt Mënschen aus ganz anere grand-ducale Kreesser schonn eng Zäitche beim Wim Delvoye an an aus gaange sinn. “D’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte hat scho Wierker vun him kaaft, war och a sengem Atelier, e puermol”, sou den Enrico Lunghi.

Konscht ouni Tamtam an Elektronik

Dem Wim Delvoye seng Konscht fonctionnéiert ouni Tamtam an Elektronik, an awer huet een d’Gefill, si géif Kaméidi schloen. Si suergt allzäit och dofir. Op Verdauungsmaschinn Cloaca oder tätowéiert Schwäin: Kritik un dëser Konscht gëtt et genuch. Vläicht well eng Rei Spectateure sech spontan ugegraff fillen, an dës Aarbechten, mat engem zweete Bléck, net hannerfroen.

De Kënschtler vu Gand stéiert dat net besonnesch. Fir hie muss net jidderee kreativ oder konschtgeschichtlech interesséiert sinn. Esou dierft den Enrico Lunghi natierlech net denken: hie fënnt, datt een all Mënsch fir Konscht opmaachen a begeeschtere kann.

Éischt Retrospektiv iwwerhaapt

War dann de Wim Delvoye net awer e gewote Choix fir den zéngte Gebuertsdag? Nee, sou den Enrico Lunghi. Well de “Gantois” fir de Mudam-Direkter dee lëtzebuergeschste Kënschtler aus der Belsch ass, d’Relatioun tëschent deenen zwee Männer, zënter si sech 1992 op der Documenta begéint sinn, ëmmer méi konstruktiv ginn ass, an den Timing fir eng Wim-Retrospektive elo einfach perfekt war.

“Mir sinn deen éischte Musée, deen him esou eng Ausstellung mécht”, ënnersträicht den Direkter. Am Ufank wier de Kënschtler selwer och e bësse retizent gewiescht.