Radioen

On air

De Moien  |  Pharrell - Richard Mille

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De CinEast 2019 gouf virgestallt

Kultur

De CinEast 2019 gouf virgestallt

Mat der Rentrée an dem Hierschtufank schléit d'Lëtzebuerger Cinéphilenhäerz a Richtung Osten. De Ciné East steet virun der Dier. Ciné East - dat heescht dräi Woche Fokus op d'Filmaktualitéit aus Mëttel- an Osteuropa. D'Ekipp vum Festival huet gëscht op eng Programmvirstellung invitéiert an den Tom Dockal weess wat a wou.

auto_stories

2 min

D'Fro vum wat a wou ass eng berechtegt. Wou, well dëst Joer iwwer eng Dose Venues bespillt ginn. Dat geet vun de gewinnte Stater Kinosplazen ewéi Cinémathéik, Utopia an Abtei Neimënster bis op Veianen an den Ancien Cinéma oder op Saarbrécken an de Kino aacht an en hallwen. Mee och d'Banannefabrik gëtt bespillt.

Vum 3. bis de 20. Oktober geet also déi 12. Editioun vum CinEast iwwert d'Bühn. 18 Deeg mat 120 Projektioune vun iwwer 60 long-métragen a 50 Kuerzfilmer. Fënnef vun deene selektionéierte Filmer kommen aus Litauen - dem Fokusland vun dëser Editioun CinEast. Dës Editioun vum CinEast steet awer 2019 am Zeeche vum 30. Joresdag vum Mauerfall an Däitschland, seet de Radek Lipka.

"Mir fannen dat dat e wichtege Moment vun der europäescher Geschicht war. Den Discours vum Ronald Reagan an deem hie sot "Mr. Gorbatchov, teat down this wall", huet eis immens impressionnéiert. Dorun hu mir eis och direkt inspiréiert, fir d'Thema vun dëser Editioun."

Down with walls ass also den allgemenge Creneau vum CinEast dëst Joer. D'Mauere ginn agerappt an d'Diere ginn opgemaach. An zwar esou zimlech iwwerall, wou een en Ecran kéint opstellen. Mee de CinEast war natierlech ni just e renge Filmfestival. An der Abtei Neimënster heescht eng Fotosaustellung Down with Walls an da gëtt et déi Abberzuel vu Concerten a Soiréeën, sief et musikalesch oder kulinarescher Natur.

En iwwerwältegende Programm

Et gëtt eng Kompetitioun aus siwe Filmer, an där Wierker vu Cannes, der Berlinale oder Venedeg kommen. Mee Selektioune gëtt et enorm vill. Cinéscope, FunnyEast, East goes West, Cinédocs, asw. Iergendwéi versichen d'Ekipp vum Festival eng Uerdnung an dat ganzt ze kréien. Debaten, Invitéen a karitativ Projete reie sech un.

De CinEast ass och d'Méiglechkeet, fir Premièrë vu Lëtzebuerger Co-Produktiounen ze feieren. Ewéi zum Beispill Ceux qui restent vum Anne Schiltz a Charlotte Grégoire oder de Kuerzfilm Is that, like, your real job? vum Gyntare Parulyte. De CinEast ass mat sengen 18 Deeg laang. Op mannst fënnef Deeg méi laang wéi d'Moyenne vun de groussen europäesche Festivalen. De Programm ass iwwerwältegend, mee et lount sech, en Iwwerbléck ze verschafen. Well et sinn all Joer richteg gutt Bijouen dobäi. Mir wäerten iech hei op dëser Plaz au courant halen.

Déi 12. Editioun vum Ciné East start haut an zwou Wochen, den 3. Oktober a geet da bis den 20. Oktober. All Informatioun ass ze fannen op Cineast.lu. D'autant plus wäert de Radio de Festival couvréieren.