Radioen

On air

Espresso Beats  |  Molly Lewis - Oceanic Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De CNL-YouTube-Channel fir Literatur

Auteureliesungen

De CNL-YouTube-Channel fir Literatur

Eng vun de Missioune vum nationale Literaturarchiv ass Liesungen organiséieren, an op déi Manéier d'Literatur fir de Grand Public nach méi lieweg, Auteure méi gräifbar ze maachen. Dat geet aktuell net. Dowéinst invitéiert de CNL elo op säi YouTube-Channel fir Literatur. Do ginn Dag fir Dag nei Auteureliesungen als Video eropgelueden. Fir d'éischt presentéiere sech elo d'Vertrieder vun der Kanner- a Jugendbuchliteratur.

auto_stories

2 min

Pippi, Dudu a Lalumi: dat kléngt no dräi Helden an enger Geschicht. Mee déi dräi liewe sech tëschent verschiddene Buchdeckelen aus, a si riichte sech och u ganz ënnerschiddlech Alter.

Ee Klassiker

D'Pippi koum am schwedeschen Original vun der Astrid Lindgren 1945 eraus. Mëttlerweil existéieren awer och dräi lëtzebuergesch Traductioune vun der Iwwersetzerin Melissa Monnet-Westerlund, an zwar fir Kanner vu sechs Joer un.

An hirem Clip stellt sech d'Melissa Westerlund kuerz selwer vir, mécht dann awer wärend der Liesung vun circa 25 Minutte Plaz fir d'Buch-Illustratiounen.

Anescht wéi déi aner

D'Pippi ass anescht wéi déi aner, geet domat awer total selbstbewosst ëm. Anescht den Dudu. Dir kennt e Film mat engem giele Käfer, also den Auto, mat deem Numm? Deen hat net dem lëtzebuergeschen Dudu seng Problemer. Dem Schoulmeeschter, Kannertheatergrënner, Auteur, Kabarettist, Museker, Servais-Präis-Laureat vun 2015 Roland Meyer säin "décken dommen Dudu" huet et, wéinst senge Gewiichtsproblemer, méi schwéier mat senger Ëmwelt. Dat kléngt no schwéierem Kascht?

D'Geschicht ass all Zäit fir Kanner vun zéng Joer u geduecht. De Roland Meyer huet se 2004 als Computertagebuch ugeluecht. Vu datt et zanterhier keng Disketten, ëmmer manner Sticken, mee ewell Clouds ginn, hätten d'Neioplagen der aktueller Technik kontinuéierlech ugepasst misse ginn, zielt den Auteur als Intro zu der knapps 30 Minutte laanger Liesung a sengem Büro.

Eng Raup, déi sech verwandelt

D'Lalumi ass och anescht, respektiv gëtt anescht: d'Raup verwandelt sech wärend der Geschicht an e Päiperlek. D'Lalumi-Geschichte stamen aus der Fieder vum fréiere Journalist an aktuellen Direkter vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch, de Matgrënner vum Kremart-Verlag Luc Marteling; der Paulette Thinnes-Kauffmann hir Illustratiounen zum Text gi wärend der fënnef Minutte kuerzer YouTube-Channel-Opnam, en Extrait aus engem Lalumi-Lauschter-CD, ageblennt.

Eppes fir jiddwereen

An domat ass um CNL-YouTube-Channel fir all Alter eppes dobäi: d'Aventure vum hëllefsbereete Lalumi riichte sech nämlech un déi Kleng tëschent dräi a siwe Joer.

Stéchwuert Literatur ass net kleng ze kréien, dat schéngt evident, mee wéi ass se ze kréien? Iwwer Internet. Dir kënnt se bei de Librairien, Editeuren, bei https://letzshop.lu bestellen.