Radioen

On air

Notturno  |  Selvagem - Tamanqueiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Frank-Thorsten Moll an den Ikob

Zäitgenëssesch Konscht

De Frank-Thorsten Moll an den Ikob

Den Ikob, de Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Eupen, ass ëmmer en Ausfluch an déi däitschsproocheg Ostbelsch wäert. Net nëmme well verschidde lëtzebuerger Kënschtler zu der Ikob-Kollektioun gehéieren. Nach bis den 23. Abrëll ass do eng interessant Ausstellung zum Thema “Kulturen des Dissens” gesinn. Kuratéiert huet se den neien Direkter Frank-Thorsten Moll.

auto_stories

5 min

Frank-Thorsten Moll

"Wéivill zäitgenëssesch kulturell Institutioune kennt Dir, déi net direkt oder indirekt vun der Politik beaflosst sinn? Den Ikob ass esou eng Plaz. Dat mécht fräi an op, et ass e schéint Schaffen." D'Dramplaz vum Frank-Thorsten Moll ass eng reewolleke-gro Architektur an Trapeform, geduckt an de "Rotenberg", mat Vue op e Supermarché. Mat 800m2 Ausstellungsfläch en éischter klenge Musée. De Mudam huet der am verglach bal 5.000. A vläicht dowéinst méi Drock. Oder gëtt den Ikob vun der Politik einfach just manner seriö geholl a soll an tristen Zäiten als "Berouegungspuffer" oder als Oflenkungsmanöver fir de Public wierken?

Et wier en zweeschneidegt Schwäert, mengt de Frank-Thorsten Moll. Et wier engersäits einfach d'Konscht politesch ze legitiméieren, wann ee se als "Ghetto" géing verstoen. "Also wenn man sie so versteht, dass man alle Spinner und Freigeister und Querdenker in das Ghetto der Kunst abschiebt, und sie da machen lässt, weil es ja eh keine politische oder gesellschaftliche Bedeutung hat." Déi Gefor wier ëmmer do. Jiddereen am Kulturberäich hätt et schonn eemol erlieft. Et kéimt een sech vir wéi en Af, deen un enger Léngt virgefouert gëtt, fir den Amusement vun aneren.

Dëst wieren Iwwerleeungen, déi aus gesellschaftlechen Erfahrungen eraus géingen entstoen. Effektiv hätt hie sech am Ufank d'Fro gestallt, ob een am Ikob géif d'Gecke gewäerde loossen. Hien hätt sech dunn awer selwer mat engem "Nee" kënnen äntweren, well den Interessi vun der Politik ganz kloer do wier. Direkt während senger éischter Woch als Direkter hätt hie beispillsweis scho Besuch vum Chamberpresident kritt. Kuerz duerno wieren all d'Ministeren an esouguer de Premier passéiert, fir hien a seng Institutioun kennenzeléieren. De Frank-Thorsten Moll ass sech sécher, de Respekt vun der Politik fir säi Fach a seng Persoun ass do.

Op der Sich no neien Erausfuerderungen

De Frank-Thorsten Moll gouf 1977 zu Villingen-Schwenningen gebuer. No sengem Studium an der Konschtwëssenschaft, der Medientheorie, der Philosophie an der Ästhetik zu Karlsruhe huet hien am "Führungsteam" vun der Documenta 11 ënnert dem Okwui Enwezor matgeschafft. 2005 huet hie säi Magister gemaach, duerno war hien Assistent am "Haus der Kulturen" zu Berlin. Tëscht Dezember 2009 a Mäerz 2016 war hie Chef vum Konschtdepartement vum Zeppelin Musée zu Friedrichshafen um Bodensee, nach esou engem Muséesmekka. Hei sammele sech an enger Struktur d'Zeppelin- an d'Otto-Dix-Sammlung. Ronderëm zwee grouss Nimm aus de Beräicher Technik a Konscht loosse sech déi interessantst Konzepter entwéckelen. An niewebäi kann een och nach an de Bodensee sprangen.

Dat hescht awer net, datt de Frank-Thorsten Moll waasser- oder sonneschei wier. Den Zeppelin Musée hätt a ville Punkten en idealen Hannergrond fir ze schaffe gebueden. Besonnesch déi spannend Connectioun tëscht der Technik an der Konscht hätt hien deemools dovunner iwwerzeegt, fir dës Plaz unzehuelen. Et hätt een enorm vill Méiglechkeete fir op dëser Basis an den Dialog ze triede mat Gruppen aus anere Beräicher.

No sechs Joer an deenen hien e komplett neit Konzept fir de Musée mat ausgeschafft huet huet hien awer no eppes Neiem gesicht. "Ich weiss nicht, ob man als Kunst-Kurator eine emotionale Verwandschaft zum fahrenden Volk hat, aber ich merkte, dass ich eine neue Herausforderung brauchte und die fand ich in einem neuen Museum für zeitgenössische Kunst." Den Ikob wier nach jonk. En hätt seng Pubertéit eréischt just hannert sech gelooss a géing elo probéieren erwuessen ze ginn. Dat hätt him gutt gepasst.

Mat wéineg Budget vill Qualitéit bidden

Zanter dem 1. Mäerz 2016 féiert de Frank-Thorsten Moll den Ikob, awer quasi mat Null Budget. An der Kollektioun sinn esouguer de Jonathan Meese, oder vu Lëtzebuerg de Jean-Marie Biwer an de Jerry Frantz vertrueden, mee en etlech Wierker si vu Kënschtler gespent ginn.

An deem Sënn wier hie wuel net den typesche Muséesdirekter. "Heiansdo kéint ee mengen, datt ee gutt misst kënne jéimeren, fir Direkter vun engem Musée kënnen ze ginn." Natierlech kéint de Musée méi e grousse Budget gebrauchen, fir d'Suen nach méi sënnvoll a méi cibléiert anzesetzen. Mä dat wier eben net de Fall. Duerch d'Membere vum Musée an duerch déi däitschsproocheg Communautéit wier eng Basis garantéiert. Dat géif him duergoen. Jéimere géif net zu sengem Inventaire gehéieren.

Den Ikob wier keen Orient-Express vun de verschidde Klassen. De Musée sollt Konscht éischter Klass bidden, awer dobäi zougänglech fir jidderee bleiwen.

Mat Konscht op Fräiheetsverloscht opmierksam maachen

Wéi den Frank-Thorsten Moll den Direkterposten iwwerholl huet, huet hie fir d'éischt thematesch a konzeptuell Propose gemaach. Wéi déi gutt geheescht gi sinn, huet hien och Kënschtler selektionéiert. Säi roude Fuedem duerch seng éischt Saison ass den Thema Ressentimenter, aktuell ëmgesat an der Gruppenexpo "Kulturen des Dissens".

Déi aktuell Politik vum Ressentiment versteet et, d'Angscht, de ganze Frust an déi ënnerdréckt Gefiller vun de Mënschen, ënnerleeën ze sinn, an all méiglech onerwaart Richtungen ausbriechen ze loossen. Zil dovunner wier et, d’Muecht z'ergräifen an domat d’Demokratie deelweis iwwer Bord ze geheien. D'Konscht géif scho laang do virdru warnen. Hir Fräiheet huet sech d'Konscht haart erkämpft. Si huet hier Erfahrung mat Autoritéiten an Antimodernismus. An Zäiten an deenen Nonkonformiste bal automatesch zu Géigner deklaréiert ginn, bekennt den Ikob mat der Expo "Kulturen des Dissens" Faarf a weist hir Stäerkt.

Ëm eng konstruktiv Sträitkultur ronderëm d'Konscht beméie sech och zu Lëtzebuerg Konschtinstitutiounen, wéi zum Beispill de Casino. Den nach frëschen Ikob-Direkter huet d'Belsch bis ewell als sträitfrëndlech erlieft, wat fir hien duerchaus kulturell a politesch Wuerzelen huet. Fir de Frank-Thorsten Moll musse Kulturinstitutiounen och nach vill méi gesellschaftspolitesch Themen opgräifen. D'Konscht wier en Trainingsfeld dofir, wéi eng Gesellschaft mat Inclusioun an Exklusioun wëllt ëmgoen. Den Ikob-Direkter geet dovunner aus, datt hien an Zukunft nach vill vu senge Visiteure léiere wäert; als Expert gesäit hien sech nämlech net.

Méi Detailer zum Musée an der Expo fannt Dir op der Internetsäit vum Ikob. Oder lauschtert de Bäitrag vum Kerstin Thalau iwwert d'Ausstellung "Kulturen des Dissens", déi nach bis den 23. Abrëll am Musée zu Eupen ze gesinn ass.