Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De franséische Schwed oder de schwedesche Franzous

Film

De franséische Schwed oder de schwedesche Franzous

Et gëtt een Acteur, deen ass a Schweden op d'Welt komm, huet awer däitsch Originnen an zanter 2002 huet hien déi franséisch Nationalitéit. Rieds geet vum Max von Sydow.

auto_stories

1 min

Den Acteur gouf viru 15 Joer, 2004 also, um internationale Filmfestival zu Cannes fir säi Liewenswierk geéiert. De Max von Sydow steet nach ëmmer virun der Kamera, an dat mat ewell schonn 90 Joer, déi hien haut kritt.

De Max von Sydow ass duerch Rollen an Ingmar Bergman-Filmer international bekannt ginn an zielt ouni Zweiwel zu de renomméiertste Charakter-Acteuren am weltwäite Filmbusiness.