Dës Gebaier stinn eidel. Patrimoine industriell, dee lues a lues verkënnt an deemno der Zerstéierung och ëmmer méi no kënnt. Datt esou Gebaier nees Liewen agehaucht ka ginn, an nees eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft kéinten anhuelen, weist d'Aarbecht vun der Associatioun Quartier Ephémère mat hirer Grënnerin Caroline Andrieux.
D'Caroline Andrieux ass och Curatrice vun der neier Ausstellung "Buveurs de quintessences" am Casino - Forum d'Art Contemporain, déi dëse Weekend Vernissage gefeiert huet. Eng Ausstellung an Zesummenaarbecht mat der Fonderie Darling zu Montréal.
De Claude Faber huet sech mat der Caroline Andrieux getraff, fir méi iwwer de Werdegang vun der Fonderie Darling gewuer ze ginn.