Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Georges Hausemer ass dout

Lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Georges Hausemer ass dout

De lëtzebuergesche Schrëftsteller Georges Hausemer ass u Kriibs gestuerwen. D'lescht Joer gouf hie fir säi Liewenswierk mam Batty Weber Präis ausgezeechent. Hien ass 61 Joer al ginn.

auto_stories

3 min

Säi Kampf géint de Kriibs huet de Georges Hausemer bal bis zum leschten Ament op sengem Blog literaresch verschafft. Eng Chronik, déi ënner dem Titel "Ich und mein Tumor" op dem Auteur senger Internetsäit ze liesen ass.

En onverkennbare Stil

Nieft Kannerbicher, Lyrik, Iwwersetzungen, dokumentaresch Texter, Reportagen, Krimien, Reesguiden, Kachbicher a Romaner, ass et d'Reesliteratur, déi e pertinenten Deel vum Georges Hausemer senger Literatur ausmécht. Asien a Latäinamerika, USA a Westafrika si seng Reesziler, déi hie literaresch verschafft huet.

Wat een an all dem Georges Hausemer senge Wierker feststelle kann, ass den onverkennbaren Hausemer-Stil: Et sinn ëmmer minutiéis Beschreiwunge vu Mënsch a Land, Momentopname vun aussergewéinleche Renconteren, well de Mënsch beim Hausemer grad esou eng wichteg Plaz huet wéi d'Geographie an d'Architektur.

Liichtegkeet an Humor

Eppes Weideres feelt och ni: Eng Liichtegkeet an eng anstänneg Portioun Humor, déi d'Lieser ze pake wëssen. Den Hausemer verschéinert näischt, et kann ee villes nofillen, well et ass och ëmmer d'Vue vum Westeuropäer, deen u seng Limitte stéisst, wann e Gewunnechten, Opfaassungen a Verhale begéint, déi him total onverstänneg a friem sinn.

Als seng Stäerkt huet den Auteur d'Verschaffe vu visuellen Andréck bezeechent. "Virwëtzeg sinn, Saachen zur Kenntnis huelen a weiderentwéckelen. Dat ka sech spane bis a ganz surrealistesch Zeenen." E Beispill ass d'Wierk "Der Suppenfisch" vum Georges Hausemer. "Do freet sech da jiddereen: Wat ass dat? Ech hunn eng Liichtegkeet, esou Biller ze entwéckelen."

Asaz fir d'lëtzebuergesch Sprooch

Et sinn d'90er Joren, an deenen de Georges Hausemer a verschiddenen däitschen an däitschsproochegen Zeitungen ufänkt seng Reesreportagen ze publizéieren. Sou an der Süddeutschen Zeitung, Frankfurter Rundschau, FAZ, Neue Züricher Zeitung an och am Lëtzebuerger Land.

Nieft dem Schreiwen ass awer virun allem dem Schrëftsteller säin Engagement fir d'Lëtzebuerger Literatur ervirzehiewen. Schonn a senger Studienzäit huet den Auteur Texter un auslännesch Literaturzeitunge geschéckt an éischt Kontakter geknäppt. "An den 1980er Joren hunn ech dunn am Ausland proposéiert, och lëtzebuergesch Editiounen opzesetzen. Ech hat ëmmer de Besoin fir eis Literatur iwwer d'Grenzen erauszebréngen. Ech wollt déi aner Auteure matrappen". Mat der Zäit sinn ëmmer méi lëtzebuergesch Auteuren zesumme mam Georges Hausemer an d'Ausland invitéiert ginn. "Dat huet mir gutt gefall."

De Georges Hausemer ass fir säi Liewenswierk d'lescht Joer mam Batty Weber Präis ausgezeechent ginn. Am Oktober 2017 war hien eise Schrëftsteller vum Mount. Hien ass den 13. August 2018 u Kriibs gestuerwen.


D'Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer, den 23. Oktober 2017

Lauschterenplay_arrow

D'Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer, den 30. Oktober 2017

Lauschterenplay_arrow