Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De gescheiterten American Dream

California Dreaming vum Fabrizio Maltese

De gescheiterten American Dream

California Dreaming ass e Song vun The Mamas & The Papas. Calfornia Dreaming ass awer och den neien Documentaire vum Fotograf a Filmemaacher Fabrizio Maltese. D'SAMSA-Produktioun hat am Fréijoer Première um Luxembourg City Film Festival a leeft zanter leschtem Mëttwoch am Ciné Utopia um Lampertsbierg.

auto_stories

3 min

De Fabrizio Maltese huet en Dada mat Wüstelandschaften. Virun e puer Joer huet hie sech eng éischte Kéier mat Twenty-Five Palms mat beweegte Biller filmesch dokumentaresch versicht an huet dem Filmfestival op der amerikanescher Westküst e Portrait geschenkt.

Dunn huet hien de Joachim Lafosse op säin Tournage vum Film Les chevaliers blancs begleet. Och dat eigentlech manner verwonnerlech, ass hien och emol als Setfotograf aktiv. Just huet hien do mat der Kamera d'Ekipp an der Sahara suivéiert. 50 Days in the Desert huet dunn deen Documentaire geheescht. Elo, fir California Dreaming huet hien et nees an - et steet am Numm - Kalifornie verschloen.

Den Dram vun enger Stad

California Dreaming huet am Mëttelpunkt eng Stad. Den Dram vun enger Stad. California City ass an de spéide 50er vum leschte Joerhonnert als urbanistesche Projet vum Soziolog Nat Mendelsohn geduecht ginn. Matzen an der Wüstenpampa eng Stad aus dem Näischt schloen. Nërdlech vu Los Angeles. Just, de groussen Dram ass un de Finanzen gebrach.

Foto: IMDb

De Mendelsohn huet net dat néidegt Kapital an Investisseure konnten unzéien. Wat vum Dram haut sur place steet ass manner eng Geeschterstad, ewéi eng Versatzstécker vun deem, wat hätt solle sinn. Vun der Agglomeratioun hir ass California City nach ëmmer déi drëtt gréisste kalifornesch Stad, mee vun deene an der Wüst gezunnene Strécher ofgesinn, déi sech d'Natur nees lues a lues zeréck appropriéiert steet eng Klengstad do mat e puer Dausend Awunner.

De Maltese entdeckt eng Hellewull vu Personnagen, déi fréier oder spéider, an aus wat fir enge Grënn och ëmmer, de Lockruff a Kalifornien erhéiert a sech do néiergelooss hunn. En homosexuelle Restaurateur mat Thai-Restaurant an Drag-Shows, deen op seng Manéier versicht, konservative Wäerter Paroli ze bidden; en Entrepreneur, deen um lokale Flughafen Fligeren auserneenhëlt a Succès domadder huet; d'Buergermeeschtesch, déi mat der Legalisatioun vu medical marihuana versicht, d'Stad nees fir Investisseuren spannend ze maachen; etc. etc. Virun allem awer suivéiert hien hien de Jean-Paul Leblanc, en emigréierte Québec-Kanadier, deen zanter Joerzéngten an der kalifornescher Stad lieft, schafft a sech engagéiert.

Um Smartphone gedréit ...

Alles dat - d'Mënschen, hir Geschichten an d'Geografie vu California City, mat senger ganzer Etendue a mam villen Näischt - fänkt de Maltese mam iPhone an. Komplett um Smartphone gedréint, kritt California Dreaming domadder eng dacks traureg Direktheet an der Interaktioun mat de Personnagen, déi een esou net huet konnte virausgesinn. Virun allem natierlech am Kontext vum Maltese sengem Interessi um Jean-Paul Leblanc, dee mat wéineg Succès en Iwwerliewenskampf féiert. Op villen Niveauen: eent géint d'Creancieren, ee géint d'Gesondheet.

Foto: IMDb

Mee de Maltese ass net ëmmer ganz decidéiert a sengem formale Propos. Eng Animatioun aus dem Haus Melusine, déi an der Aféierung Uganks Sënn mécht, an deem se Mendelsohn Pläng zum Liewen erwäche léisst, verwässert de parti pris vun den Smartphone Opnamen, andeems en ongléckleche Montage alternée an enger Zeen gemaach gëtt.

... a geknipst

Fir nach eng ganz Rëtsch méi California City-Awunner an hir Dreem an de Film ze setzen verwandelt sech de Filmemaacher Maltese an de Fotograf Maltese an inzenéiert e Fotoshooting, an deem hien a seng Ekipp Portraite schéisst an dee Prozess dokumentéiert.

Mee California Dreaming entwéckelt seng Kraaft, wann de Maltese säi Smartphone op dat vu Sonn an Aarbecht a Krankheet gezeechent Gesiicht vum Leblanc riicht. De Film rechtfäerdegt seng Dauer dank der Empathie fir dee Mënsch, deen och mat vill Réckschléi net ganz zu Buedem ze kréien ze si schéngt.

California Dreaming ass e Film iwwer de gescheiterten American Dream an d'Mënschen, déi déi Defaite net acceptéieren an einfach weidermaachen.