Radioen

On air

De Moien  |  Geklaute Konscht: d’Sich no Besëtzer a Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De KEP mat Liewe fëllen

Kultur

De KEP mat Liewe fëllen

An der Abtei Neimënster gouf den Donneschdeg ugefaangen, de Kulturentwécklungsplang (KEP) mat Liewen ze fëllen. Zwou Mesuren aus deem Plang sinn do mat méi wéi 200 Leit aus der Kulturzeen diskutéiert ginn. D'Subventiounspolitik am Kulturberäich an d'Creatioun vun engem "Arts Council".

auto_stories

3 min

De Sall, deen nom fréiere Kulturminister Robert Krieps benannt ass, hätt 283 Plazen, liest een um Site vun der Abtei Neimënster. Wann dat esou ass, da waren net vill manner wéi 283 Leit do. Et huet een nämlech nëmme wéineg eidel Sëtzer gesinn. Artisten aus alle Sparten, Vertrieder vu Kulturhaiser, vun Associatioune waren do. Si goufe vun der Kulturministesch begréisst - awer nëmme kuerz. Fir de Rescht vum Nomëtteg huet d'Sam Tanson haaptsächlech nogelauschtert, an d'Haaptwuert hirem Premier Conseiller, dem "Mister KEP" Jo Kox iwwerlooss. An deen huet a senger Introduktioun zum éischte Sujet - Subventiounspolitik - de Wonsch ausgedréckt, d'Diskussioun an dësem Geescht ze féieren.

"Dir däerft alles a Fro stellen. Mir sinn do fir kënnen, ab muer, déi richteg a passend Äntwerte kënnen ze ginn." Et misst ee sech richteg a Fro stellen, fir eppes Neies opbauen ze kënnen.

Wahle verréckele fir de Kultursecteur?

Et goufen awer och eng Rei Saachen a Fro gestallt. Zum Beispill, datt Subsiden der TVA ënnerleien, oder d'Tatsaach, datt just physesch Persounen oder Asble kënne subventionéiert ginn, net awer eng Sàrl. Et war eng zimlech bürokratesch Diskussioun. Iwwer artistesch Krittäre bei der Verdeelung vun Hëllefe goung weider keng rieds; erstaunlecherweis iergendwéi awer och erëm logesch. Finanzsprëtzen hëllefe jo wuel Produktiounen op d'Bee stellen, si erméiglechen awer och Artisten, iwwerhaapt emol ze iwwerliewen. Och wann de Poste fir Subventioune mat dräi Milliounen am Verglach mam ganze Kultur-Budget Peanuts ass, sou ass en awer fir deen een oder anere vital. Interessant an deem Kontext nach dës Remark vum Jo Kox.

"Mir mussen all eis Politiker iwwerzeegt kréien, datt Dir w.e.g. erëm Är Wahle vum Oktober an de Juni setzt. Firwat? Mir hunn elo den 12ème Provisoire. Dat wëllt heeschen: de Subventiounsposten ass de Moment op zwielef opgedeelt. An am Kulturministère elo am Mäerz oder am Abrëll kënnen net méi Subsiden ausbezuelt ginn, wéi den Zwieleftel deen an deem Budgetsposte steet."

Dat wier de Grond, firwat eenzel Projeten, déi normalerweis e Finanzement kréichen eleng aus deem Grond eidel ausginn.

D'Schafe vun engem onofhängegen Arts Council

En zweeten, wichtege Punkt war den Donneschdeg d'Schafe vun engem Arts Council. Et soll - schonn nach ënner der Tutelle vum Kulturministère - eng onofhängeg Struktur sinn (en Etablissement public), an deem déi verschidden Hëllefen, Instrumenter an Acteure sollen zesummegeféiert ginn, déi an der Kulturfërderung - sief et an der Ënnerstëtzung vun der Kreatioun, oder an der Promotioun an am Export - täteg sinn. Wéi dat am Detail soll geschéien, a wat, respektiv wéi dee Council herno wäert schaffen, bleift nach ze klären. Zil vum Atelier den Donneschdeg war et jo, Iddien ze sammelen. Déi grouss Prinzipien, op deenen dat neit Organ soll opgebaut ginn, sinn awer definéiert. Onofhängegkeet, Integritéit a Kompetenz.

"Déi si wierklech essentiell", erkläert d'Kulturminsitesch Sam Tanson. Et géif ëm Sue fir d'Artiste goen, ëm professionell Begleedung. Dofir wier et wichteg, datt onofhängeg Juryen decidéieren, wien eng Bourse oder e Subsid ze gutt huet an net e Politiker.

Dee participative Prozess fir deem Council eng definitiv Nues ze ginn, ass den Donneschdeg offiziell ugelaf. Et geet virun. Weider Suggestioune sinn ausdrécklech erwënscht a ginn an engem Comité de Pilotage mat Vertrieder vun alle Sparten analyséiert. D'Kulturministesch wier frou, wa si de Gesetzesprojet nach dëst Joer deposéiere kéint. Wann dat net klappt - ass et awer och net schlëmm. Et geet ëm d'Saach an net ëm den Tempo, seet si.