Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kierper als Billermaschinn

Philosophie

De Kierper als Billermaschinn

Déi mënschlech Virstellungskraaft ass eigentlech eng Maschinn fir Biller ze produzéieren. De Kierper spillt an deem Mechanismus eng fundamental Roll an e gëtt dobäi vun der Entwécklung vun der Technik beaflosst. De Lëtzebuerger Philosoph Cédric Kayser vun der Universitéit Montréal huet viru Kuerzem eng Videokonferenz iwwer dee Sujet gehalen.

auto_stories

4 min

Eise Bléck op d'Biller, d'Aart a Weis, wéi mir Biller interpretéieren, mee och wéi mir eis se virstellen, alles dat ass am Fong e kierperleche Prozess. De Kierper huet mat der Zäit geléiert, wéi e mat der Ëmwelt soll ëmgoen. D'Technik spillt an deem Léierprozess eng wichteg Roll, erkläert de Philosoph Cédric Kayser:

"Nous essayons de mieux percevoir une scène qui nous parle en en prenant un cliché avec notre iphone; nous enregistrons notre voix pour avoir une meilleure notion du timbre; etc. Avec les nouveaux dispositifs qui nous sont accessibles, nous continuons à élargir notre syntaxe corporelle, notre langage corporel fondamental. Nous élargissons le rayon de notre faire."

Zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert hunn eng Partie Erfindungen de Bezuch zum mënschleche Kierper grondleeënd verännert. Duerch d'Infraroutstralen an d'Echographie goufen op eemol verstoppte Partie vum Kierper visibel. D'Fotografie huet et erlaabt, déi mënschlech Beweegungen ze dekomposéieren an ze studéieren. Dës technesch Entwécklungen hu gläichzäiteg eis Virstellungswelt verännert, wat sech nees op eis Perceptioun vun der Ëmwelt ausgewierkt huet. D'Technik vermëttelt souzesoen an deem Prozess:

"Au lieu de penser la technique comme autre par rapport au corps, comme nous y a habitué une certaine tradition philosophique, je propose plutôt une lecture de la médiation technique comprise comme modalité du voir. L'idée de départ en est que chaque technologie offre une nouvelle vue sur le monde. L'exemple de nos entretiens sur Zoom en temps de pandémie témoigne d'une réalité nouvelle. C'est par écran interposé qu'il nous est possible de communiquer en personne."

D'Kris vun de Sënner an der Konscht

De franséische Schrëftsteller Marcel Proust, iwwert deen de Cédric Kayser eng Doktoratsthees geschriwwen huet, hat am Ufank vum 20. Joerhonnert den Imaginär vun der technescher Vermëttlung iwwert de Kierper an d'Literatur erabruecht. De Lift, zum Beispill, hat hien als eng "cage thoracique mobile" ëmschriwwen. A wann de Proust vum stereoskopesche Bléck schwätzt, bezitt hie sech op de Stereoskop, en opteschen Apparat, deen eng dräidimensional Perceptioun vum Raum, also d'Déift reproduzéiert, sou de Cédric Kayser:

"Proust décrit les technologies de son époque à leur stade d'émergence. Il nous les fait redécouvrir en nous les rendant visibles. Les événements techniques chez Proust, que l'on pense par exemple au contact à distance que permet le téléphone ou au mouvement vertical de l'ascenseur, sont révélateurs de certaines expériences limites (vertige, maladie, transfert érotique...) qui se traduisent par une véritable crise des sens."

Och de Kino huet dës Kris vun de Sënner versicht nozemaachen. Am Alfred Hitchcock sengem "Vertigo'' gouf d'Gefill vum Schwindel via eng Kamerabeweegung no hanne bei gläichzäitegem Zoom no vir suggeréiert. An enger Zeen vu "Martha'' vum Rainer Werner Fassbinder kräize sech zwee Personnagen, dréine kuerz een ëm deen aneren a kucke sech un, woubäi d'Kamera sech ronderëm se beweegt.

Aktiv Roll vum Kierper bei der Perceptioun

Hei kënnt d'Iddi vun der Parallax an d'Spill: den Objet, dee betruecht gëtt, schéngt sech ze deplacéieren. A Wierklechkeet ass et d'Instanz, déi betruecht, déi sech deplacéiert. Dee physesche Phänomen kann een, dem Cédric Kayser no, och philosophesch deiten:

"La parallaxe met en avant l'activité du corps dans notre rapport au monde. Dans ce sens elle serait moins assimilable à un effet d'optique ou un défaut dans notre perception, mais plutôt au déploiement, au dévoilement graduel de notre perspective vécue."

De Kierper hëlt d'Welt also net passiv op, mee spillt eng aktiv Roll bei der Perceptioun vun deem wat eis erschéngt: op déi Iddi huet déi philosophesch Stréimung vun der Phenomenologie insistéiert, fir d'éischt den Edmund Husserl an duerno de Maurice Merleau-Ponty. Mee wéi ass et mat der virtueller Welt? De Bezuch zum Internet an de sozialen Netzwierker ass sécherlech eng fragmentéiert Erfarung, seet de Cédric Kayser. Mee dat Kierperlecht, dat Materiellt, sinn och hei weiderhi present:

"Je pense que dans chaque médiation technologique, même si elle tend à effacer un peu ou à rendre invisible le substrat corporel, il y a toujours quelque chose qui persiste: cet excès d'information qui nous vient du corps. Si le lexique du numérique tend à opacifier le corps, le corps reste quand même toujours l'interface premier, 'l'instrument qui ne peut être utilisé par aucun autre instrument', pour parler avec Sartre.

L'arrangement de nos fenêtres en ligne, le glissement de nos doigts sur les écrans tactiles de nos smartphones montrent que l'expérience du numérique est aujourd'hui traversée par le spatial et repose sur l'aspect moteur du corps humain."


De Philosoph Cédric Kayser huet den Donneschdeg 4. Februar fir de Konscht-Casino eng Videokonferenz gehale mam Titel: "L'image et le corps. Vers la parallaxe''.