James Last De Komponist vum Happy Sound

Den Hans Last, oder besser James Last, ass de Kreateur vum sougenannten "Happy Sound", engem Museksstil, mat deem hien a säin Orchester joerzéngtelaang d'Mënsche vu quasi alle Generatioune begeeschtert huet.

Jean Claude Majerus / cbi

James Last
Den James Last bei engem Concert am Joer 2011. Foto: picture alliance / dpa / Bodo Marks

Hie war um Sommet vu sengem gréisste Succès mat sengem "Happy Sound" bis zu 30 Prozent vum Ëmsaz vun der däitscher Plackefirma Polydor responsabel. De Bassist, Pianist, Bandleader, Komponist, Arrangeur a Produzent James Last ass den 9. Juni 2015 a Florida am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

De 17. Abrëll 2019 hätt hien 90 Joer kritt an hie wier sécher nach ëmmer mat sengem Orchester ënnerwee. Mat der Musek opzehale war fir hien, bis zu sengem Doud, ni eng Optioun.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Charlie Chaplin
Charlie Chapluin

Scho ganz jonk war de geniale Komiker ronderëm d'Welt dee populäerste Vertrieder vun der Stommfilm-Epoch. An och nach haut, scho bal 42 Joer no sengem Doud, bleift de Charlie Chaplin eng Ikon aus der Filmgeschicht.

Max von Sydow (2012)
Film

De Max von Sydow gouf duerch Ingmar Bergman-Filmer international bekannt an zielt zu de renomméiertste Charakter-Acteuren. Hie kritt haut 90 Joer a steet nach ëmmer virun der Kamera.

Programm

Praktesch Infoen

  • 31.5. Schengener Gespréicher

    31.5. Schengener Gespréicher

    D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen