De Klaus Doldinger ass 1936 zu Berlin gebuer, huet d'Krichsjoren an de 40er Joren zu Wien gelieft. "Chance", wéi hie selwer seet. Hei huet hien och déi éischte Kéier déi Musek héieren, déi e bis dohin net kannt huet: Jazz.
Dës Kläng hunn de jonken Doldinger därmoosse gepaakt, datt hien doraus e Liewenswierk erschaaft huet. Iwwer 2.000 Kompositiounen huet de Klaus Doldinger geschriwwen. Mat senger legendärer Band Passport - an där 1971 fir den Debut keen anere wie den Udo Lindenberg d'Drums gespillt huet - huet hien den Ouverturesconcert vum Festival Tatort Eifel zu Daun gespillt.
Dat wonnert net, well de Klaus Doldinger huet déi Musek komonéiert, déi zanter 1970 all Sonndeg Owend Frënn vum Tatort bei d'Tëlee lackelt.
D'Nathalie Bender hat Geleeënheet mam Klaus Doldinger ze schwätzen.