Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Buchpräis um neie Wee

Literatur

De Lëtzebuerger Buchpräis um neie Wee

D'Prozedur vum Lëtzebuerger Buchpräis stoung an der Kritik. D'Lëtzebuerger Bicherediteuren hunn d'Reglement geännert. Et schéngt ze wierken. Effektiv ass scho méi Lyrik a Prosa op der Longlist.

auto_stories

2 min

Christiane Krecké, Vize-Presidentin vum Verband vun de Bicherediteuren

Zënter 2006 vergëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren de Lëtzebuerger Buchpräis. Bis 2016 huet eng ausgewielte Jury 16 Bicher a véier Kategorië fir d'Shortlist selektionéiert. Déi eenzel Gewënner si vum Grand Public online gewielt ginn.

Dëse Virgank ass awer ëmmer méi a Fro gestallt ginn. Fir eng Stëmm ofzeginn huet een d'Bicher mol net misste liesen. An et war schwéier soen, ob d'Buch effektiv iwwerzeegt huet, oder d'Reklamm dofir op de sozialen Netzwierker.

Fir de Lëtzebuerger Buchpräis nees opzewäerten, huet de Comité vun der Associatioun e puer Ännerungen an der Prozedur duerchgefouert. Dat hat d'Luxemburger Wort matgedeelt.

De Jury géif weiderhin aus der Longlist eng Shortlist maachen, erkläert d'Christiane Krecké, Vize-Presidentin vum Verband vun de Bicherediteuren. "Mä dann debattéiert e weider. An de Jury selwer decidéiert dann déi endgülteg Gewënner an all Kategorie." De Public däerf och weider ofstëmmen, allerdéngs just fir ee Buch.

Sechs Jurysmemberen

Dëst Joer besteet d'Jury net méi aus fënnef, mä aus sechs Memberen. Et hätt een ee jonke Student wéilte mat an de Jury huelen, seet d'Christiane Krecké.

De Student ass de Sacha Dahm. Theaterwëssenschaften an Interkulturalitéit an deem enge Master an e weideren am Enseignement secondaire op der Uni Lëtzebuerg si seng aktuell Studiegäng.

Déi aner Jurysmemberen:
Isabelle Spigarelli, Auteurin
Claude Conter, Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv
Bea Kneip, Kulturjournalistin RTL
Julie Conrad, Designerin
Jeanne Tournau-Offermann, Musel-Sauer-Mediathéik

Manner Limitatiounen

Eng weider Ännerung wier, datt een Editeur maximal zwielef Bicher däerf erareechen. Dat wier Kategorie-iwwergräifend, erkläert d'Christiane Krecké. Bis elo wier een op dräi Bicher pro Kategorie limitéiert gewiescht.

D'Konsequenz vun dëser Ännerung ass, datt ënnert de 48 Bicher d'Zuel vun de Prosa- a Lyrik-Wierker mat 23 Bicher an d'Luucht gaangen ass. Derbäi kommen 13 Kanner a Jugendbicher an zwielef thematesch Bicher. All dës Wierker goufen tëschent dem 14. Juli 2016 an dem 1. Juli 2017 publizéiert.

Déi véier Kategorië goufen op dräi reduzéiert. Well et dacks schwéier gewiescht wier, eng kloer Trennung ze maachen, huet de Comité decidéiert, Beaux-livres a Sachbicher an der neier Kategorie "Livre thématique" ze regroupéieren.

D'Longlist steet. Elo muss de Jury iwwer de Summer fir all Kategorie fënnef Bicher fir d'Shortlist nominéieren, déi dann am Oktober publizéiert gëtt.

D'Präisiwwerreechung ass dann de 16. November zu Walfer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg. E Buch, dat duerch säin Design ervirstécht, ka vum Jury nach extra ausgezeechent ginn.