Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mike Bourscheid ass "ready"

Konschtbiennale

De Mike Bourscheid ass "ready"

"Getting ready for the Venice Biennale 2017" heescht en aktuellt Wierk vum Mike Bourscheid. A prett ass en, de Kënschtler, fir Lëtzebuerg op der Konschtbiennale zu Venedeg ze vertrieden.

auto_stories

3 min

Extrait aus dem Wierk "The rain collector Light" vum Mike Bourscheid. Jet print 2016

De Mike Bourscheid ass an enger éischter Ronn géint 24 national Kandidate fir d’Konschtbiennale vu Venedeg ugetrueden. No enger kuerzer kreativer Otempaus an enger Defense virun engem internationale Jury huet hie sech an der enker Auswiel géint dräi Kënschtler duerchgesat. Net mat Aggressivitéit, Verbassenheet oder Hypokrisie. Mee mat engem kënschtleresche Projet, Skulpturen a Performancen duerch déi fënnef Raim vun der Ca’ del Duca, dem Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg.

Op Phallus, Risemask oder Battle-Dress. Beim Mike Bourscheid dominéiere schonn eng Zäitche “Saumon” als Faarf, d’Seventies bei de selwer entwéckelte Protheesen. E bëssen e muffege Geroch, dacks en däitschen Titel an e just-grad-opgestane Gesiichtsausdrock vum Mike Bourscheid.

"Ech ka just no de Clichéë goen"

Maskerad, Masken am wäitste Sënn - war dat dem Kënschtler säi Lien zu Venedeg? Hien hätt sech an éischter Linn mat der Ca' del Duca ausernaner gesat, seet de Mike Bourscheid. Zu Venedeg wier hien nach ni gewiescht. "Dofir kann ech just no de Clichéë goen." D’Participatioun un der Biennale wier e grousse Schratt fir dem Mike Bourscheid seng Carrière gewiescht. "Ech wëll mech awer den Ament dorops konzentréieren, eng gréisser Ausstellung ze maachen."

An där Ausstellung géing hien och perséinlech Impressiounen aus senger Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg verschaffen. "Ech maachen zum Beispill e Lidd mat mengem Papp, dee Saxophonist ass."

D'Roll vun den Elteren

Wie Papp seet, muss deen och Mamm soen? Jo, seet de Kënschtler. Hie géing sech och vun de Gespréicher mat senger Mamm inspiréiere loossen. "Zum Beispill vun deem, wat si iwwer d’Noperen erzielt." Oder och nach vun de Geschichten, déi de Kënschtler héiert, wann hien zu Lëtzebuerg zum Beispill an de Namur geet. "Et ass fir mech wéi eng Geschicht. Wéi wann ech géing e Buch liesen."

“Mutter und Vater” ass den Titel vun engem Mike Bourscheid-Konschtwierk, bei deem sech de Kënschtler hannert zwee bossegen, skurrillen, e wéineg deforméierte Maske verstoppt. Déi werfe vill intressant Froen zu sengen Originnen op. De Mike Bourscheid erkläert, hie géing vill Saachen ausdrécken, déi hien erlieft huet. "Dat si Saachen, déi a mir dra sinn." Hie wier zum Beispill an enger kathoulescher Schoul gewiescht. Et wiere perséinlech Zoustänn a Gefiller ("wéi d'Fro vun der Schold"), déi de Mike Bourscheid am Wierk verschafft hätt.

Performance géint Panik

Autodérisioun, Humor, Gesellschaftskritik, mee och Genauegkeet an Duussheet sinn Eegenschafte mat deenen dem Mike Bourscheid seng Konscht a Verbindung bruecht gëtt. À la base mat senger Fotografie, mee haut mat senger performativer Konscht. De Mike Bourscheid erzielt, hien hätt no sengem Studium Panikattacke gehat. "Fir domadder eens ze ginn, hunn ech Märercher geschriwwen a Charakteren erfonnt. Och d'Performance huet mir gehollef", erënnert sech de Kënschtler. "Et kann een an eng Roll schlüpfen a verschidde Saachen ausprobéieren."

"Getting ready for the Venice Biennale" ass en Autoportrait vum Mike Bourscheid mat enger rosa Fränjele-Chienne ënner skurrillem Ritterhelm.