Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Tfo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Prix Servais 2021 geet un d'Ulrike Bail

Literatur

De Prix Servais 2021 geet un d'Ulrike Bail

De Servais-Präis geet dëst Joer un d'Ulrike Bail, fir hire Recueil "wie viele faden tief", deen am Conte Verlag erauskomm ass. De Servais-Präis, deen zanter 1992 an der Lëtzebuerger Literatur vergi gëtt, ass mat 6.000 Euro dotéiert. De Jury ënnersträicht d'"Kühnheit der dichterischen Sprache", déi vu konventioneller Form a Syntax lassgeléist, de Lieser invitéiert fir Sënnverschiebungen an Neibildungen ze schafen.

auto_stories

3 min

wie viele faden tief

ist dein schlaf gebunden

gezwirnt gewirkt fährst du

übern see übern see

in der hölzernen wurzel

nistet ein sperling

das filament der knoten blüht


"Dem Ulrike Bail säi Lyrikband "wie viele faden tief" huet eis a ganz ville Hisiichten immens beandrockt, et ass e Buch vun enger rarer Schéinheet, dat wat eis wierklech begeeschtert huet, ass déi originell Iddi, déi den Ausgangspunkt vum Buch ass, nämlech d'Sprooch vum Bitzen mat allem wat dozou gehéiert, wei zum Beispill déi Apparatur, d'Stéchtechniken, d'Stoffen, wéi déi opgegraff ginn an weider geduecht a weider veraarbecht ginn an der Ulrike Bail seng er ganz eegener lyrescher Sprooch."

Esou d'Jeanne Glesener, President vum Jury vum Servais-Präis Et ass hier lyresch Sprooch, déi der Ulrike Bail schoun den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours 2020 bruecht huet fir hire Recueil u Gedichter mam Titel "statt einer ankunft" .

"Wat och nach dozou kënnt, dat sinn déi vill verschidde Beräicher, déi et opgräift, et geet immens wäit, mir hunn am Communiqué geschriwwen, datt mer hei eng immens enzyklopädesch a sinnlech Vilfalt hunn, an dat ass wierklech ganz beandrockend, et si ganz vill Themen, Wuertfelder, déi zesumme kommen, Natur, Geschicht, Liewen, den Doud, de Krich, d'Flüchtlingskris. A wéi dat eben duerch déi Sprooch vun der Lyrik ausgedréckt gëtt, nei verschafft gëtt. An vläicht och um Niveau vun der Konstruktioun vun deem Ganzen, déi ganz Metapheren, d'Associatioune, déi geschaaft ginn an wéi dat et eis erlaabt d'Perceptiounen vun den alldeeglechen Saachen iergendwéi ze entfriemen."

Dëse Servais-Präis fir e Gedichtband wier och eng Unerkennung fir d'Lyrik, erkläert d'Jeanne Glesener an d'Gewënnerin gesäit dat och esou. Ulrike Bail:

"Et ass net nëmmen eng Unerkennung fir mech, mee ech freeë mech och fir meng Gedichter a fir all Gedichter, well ech ëmmer eng gewëss Scheiheet gesi bei de Leit fir Gedichter ze liesen, et kéint een net net verstoen. A wann elo iwwer dëse Band d'Leit sech méi traue Gedichter ze liesen, da géif mech dat immens freeën."

Wéi kënnt d'Ulrike Bail dozou d'Bitzen an all sengen Elementer a Lyrik ëmzewandelen? Et wier net esou einfach den Ufank vun de Gedichter ze eruéieren, seet d'Laureatin, mee den Ausléiser waren u sech al Bitzmaschinnen an vun Nazie zerstéierten Dierfer:

"Ee ganz wichtegen Ament ass déi Sprooch vum Bitzen. Ech hu festgestallt, datt d'Alldagssprooch an och d'Fachsprooch vum Bitzen immens, immens poetesch ass. Awer net just déi Sprooch vum Bitzen, vill Alldagstätegkeeten ginn schéi Wierder an do hunn ech ugefaangen domat ze schaffen."

Jean Sorrente, Guy Helminger, Robert Schofiled an de Jhemp Schuster stounge mat hire Wierker op der Short-Lëscht fir den dësjärge Servais-Präis. Eng haart Erausfuerderung fir de Jury, Jeanne Glesener?

"Et war och déi éischte Kéier, datt mer eng véiersproocheg Short-Lëscht eben hunn ganz ënnerschiddlech Bicher mat Themen, déi alleguerten op eng flott an imaginär Aart a weis duer gestallt gi sinn, an an deem Sënn, et goufen Diskussiounen an Jury, laang Diskussiounen an dat muss ee sech als eppes immens Produktives a Konstruktives virstellen."