Den Andy Bausch huet sécher besonnesch zanter dem "Troublemaker" eng Zort Pionéieraarbecht am Lëtzebuerg Film geleescht. Filmer, déi e Kultstatus kruten. Film, déi an d'Mémoire collective agaange sinn. Hie weess eescht Sujet mat vill humoristesche Clin d'oeilen a senge Filmer ze verschaffen. An awer ass den Ady Bausch e Mënsch, dee mat den zwee Féiss um Buedem bliwwen ass, och wann hie de Sprong an den internationale Filmbusiness gepackt huet.
E kennt seng Plaz am Universum. Mat sengem Baart a senger Kap um Kapp gehéiert hie sécher zu de bekanntste Lëtzebuerger. Hie wäert elo geschwënn e "ronne" Gebuertsdag feieren. Mir schwätze mat him ënner anerem iwwer seng Filmer an iwwer säi Liewen hanner der Kamera. An et ass net nëmmen d'Fro no deem wat war, mee och wat nach kënnt.