Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De "Rusty Boy" kritt 90 Joer

Kultur

De "Rusty Boy" kritt 90 Joer

D'Theaterstécker "Äddi Charel", "Grouss Vakanz", "Margréitchen", "E Stéck Streisel", "Léiwe Kleeschen" "Kiischtebléien", "Fënsterdall" oder d'Prosa "Mäi Frënd Benn", grad wéi "De Monni aus Amerika". Alles Wierker aus der Fieder vum Acteur an Auteur Pol Greisch, déi d'Lëtzebuerger Kultur markéiert hunn. De Pol Greisch, an net ze vergiessen och seng verstuerwe Fra d'Juliette François, dat war e Liewen op a fir d'Theaterbün. An dat gouf och honoréiert mam Batty-Weber-Präis an direkt zwee Mol mam Servais-Präis. De Pol Greisch kritt haut, och wann een et bal net gleeft, 90 Joer. De Jean Claude Majerus iwwer de Pol Greisch.