Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicool - Stolz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schimanski ass dout

Noruff

De Schimanski ass dout

Den däitschen Acteur Götz George ass, wéi elo bekannt gouf, schonn de 19 Juni am Alter vu 77 Joer gestuerwen. 32 Joer laang huet hien den onkonventionellen Tatort-Kommissär Horst Schimanski gespillt.

auto_stories

4 min

De Götz George 2007 (Foto: Harald Schrapers)

De Schimanski war wuel seng Paraderoll, mä de Götz George war en exceptionellen Artist. Mat dee gréissten Acteur, deen Däitschland ze bidden hat. Ee Schauspiller mat onheemlech ville Facetten. 40 Haaptrollen op der Bühn an 120 Kinos- an Televisiounsfilmer resüméieren dem Götz George säi Kënschtlerliewen. Wéinst senger staarker physescher a psychescher Präsenz, senger Diversitéit a sengem Versteesdemech fir Rollen, gouf hie vun de Kritiker gelueft. Dozou sot hien an engem Interview: "Ich muss die Figuren inhalieren, anders kann man es gar nicht sagen, ich inhaliere sie, ohne intellektuell darüber nachzudenken".

Et war vill Schimanski am Götz George.

De Götz George war am léifsten hie selwer: zimlech eegen, deels ruppeg a meeschtens net kamoud. Virun 3 Joer huet hien de Film "George" iwwert säi Papp, de kontroverséierten Acteur Heinrich George presentéiert. Et goufe bei der Première vill Froe gestallt. Déi sinn awer ouni Äntwert bliwwen. De Götz George huet sec betount si wäre falsch gestallt. An esou Situatiounen huet kee gewot eppes ze soen, de Götz George duerft esou reagéieren. Vläicht war et och säi Lous, oder säin Image als "Matmënsch".

Et war héchstwahrscheinlech méi Schimanski am Götz George dran, wéi hie geduecht an zouginn huet. Ëmmerhin huet en 32 Joer laang de Ruhrpottkommissär mam schmuddelege Parka op den Ecran bruecht. De Schimanski, e krassen Typ, dee wuel als éischte Personnage méi dacks hannertenee "Schäiss" op der Télé konnt soen, ouni datt et Zensur gereent huet.

Schimanski: Schmuddelege Parka a cool Spréch

De Götz George huet mam Schimanski Televisiounsgeschicht geschriwwen. Hie war anescht wéi déi distinguéiert Hären an hire Kostümer, déi virun him an däitsche Krimie Brigange gesicht hunn. De Götz George huet vun 1981 un als Schmianski de jonke Flic mat coole Spréch, wann néideg mat enger Kläpperei a ganz vill Béier verkierpert. Sou huet hien op seng Manéier Gangster gejot.

29 Tatort-Episode mam Schimanski goufen tëscht 1981 an 1991 realiséiert. Zwee Mol stoung de "Schimmi" an engem Long métrage vrun der Kamera. An 1997 huet d'ARD dem George esou guer mam Kult-Logo "Schimanski" eng eege Serie geschenkt.

Méi wéi just nëmme Schimanski

De Götz George war en Acteur, dee sech mat vill Éiergäiz, Freed a Vitalitéit profiléiert huet. Hie war ee vun dee villsäitegsten Acteuren an Däitschland, an hat ni Angscht virun iergend enger Roll. De Götz George huet de KZ-Dokter Josef Mengele, en Alzheimer-Kranke Buschauffer, e blanne Pianosprof, en Öko-Aktivist oder en doudkranke Procureur gespillt. Eng vu senge bedeitendste Rollen hat de Götz George als homosexuelle Massemäerder Fritz Haarmann am Film "Der Totmacher".

Nieft dem eeschten a schwierege Kascht hat de Götz George och en witzegt Talent, wéi en am Helmut Dietl senger Komedie "Rossini" oder an der Satir "SCHTONK" iwwert déi gefälschten Hitler-Tagebicher, konnt weisen.

De Papp Heinrich George: Eng liewenslaang Belaaschtung

De Götz George hat Problemer déi a senger Vergaangenheet louchen. Dat gouf kloer beim Film "George" iwwert säi legendären, mä wéinst senger Karriär an der NAZI-Zäit ëmstriddenen Acteur a Papp Heinrich George. Dem Götz George säi ganzt Liewe gouf vu sengem Iwwerpapp Heinrich markéiert. An engem ARD-Documentaire sot de Götz George 2013 iwwert säi verstuerwene Papp: "Du hast mich halt immer überholt. Du warst halt immer besser, besessener."

Mat 11 éischt Bühneroll, mat 15 éischte Film

De Götz George, deen den 23 Juli 1938 zu Berlin op d’Welt koum, hat aacht Joer, wéi säi Papp an engem sowjetesche Speziallager gestuerwen ass. Dem jonke Götz a sengem Brudder Jan hir Bezuchspersoun war hir Mamm Bertha Drews. Duerch si, och Actrice, krut de Götz d'Léift zur Bühn an zum Spill. Mat 11 Joer stoung de Götz George déi éischte Kéier op der Bühn, a mat 15 Joer zesumme mat der Actrice Romy Schneider deen éischte Film "Wenn der weisse Flieder weider blüht"

Ambigu Relatioun zu de Medien

Zu de Medien hat de Götz George, trotz groussem Succès, eng ganz ambigu Relatioun. Der Televisioun huet e virgehäit: Si wären nëmmen op Suen a Quoten aus. A legendär war och 1998 säi Kaméidi mam Thomas Gottschalk an der ZDF-Emissioun "Wetten dass...", wou de George zum Gottschalk sot, hie géif näischt wëssen, a sech wéi ee Schoulmeeschter behuelen. Waren dat deemools reell Emotioun oder awer just eng Inzenéierung? Dat sief dohinner gestallt.

Déi lescht Jore war Däitschland fir de Götz George just nach déi Plaz wou hie Steiere bezuelt, a geschafft huet. Fir de Rescht huet hien zimlech zeréck gezunn op Sardinien gelieft. 2007 gouf de George um Häerz operéiert, a vrun 2 Joer huet hien annoncéiert datt et no 65 intensive Schaffjoren Zäit wier, Feierowend ze maachen. Et war him ze vill Stress. De Götz George wollt och net, wéi anerer, op der Bühn stierwen.