Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De siwente Fall vum Kommissär Mathieu

Literatur

De siwente Fall vum Kommissär Mathieu

Et ass elo deen zéngte Roman an dee siwente Fall vum Kommissär Robert Mathieu aus der Plomm vum Marco Schank, deen am Verlag op der Lay erauskoum. E Kriminalroman, deen an d'Zäit vum Zweete Weltkrich an en Éisleker Duerf féiert.

auto_stories

2 min

"Die Wahrheit gehört ans Licht" vum Marco Schank. Foto: Bigstock / Bigstock & Editions Lay

De schonn eelere Kommissär Robert Mathieu ass schwéier verléift a seng Ulrike, eng taff Fra, déi beim däitsche Verfassungsschutz schafft a vill duerch d'Welt reest. Dem Mathieu säi Liewe spillt sech awer éischter a sengem Haische mam schéinem Gaart zu Eschduerf of, a seng Réckeproblemer loossen hien un d'Pensioun denken.

Un Pensioun denkt d'Leonie Engels awer guer net: D'Fra ass an der Tëschenzäit 89 Joer al a si huet nach vill wëlles. Si schafft un enger Publikatioun, déi Verbriechen, déi wärend der Ardennenoffensiv am Éislek zwielef Duerfbewunner an der fiktiver Uertschaft Allsdorf d'Liewe kascht huet, an de Mäerder, een aus dem Duerf, soll gewiescht sinn.

D'Leonie war do 14 Joer al an huet deen Dag hir hallef Famill verluer. D'Scholdgefiller hu si net lassgelooss a wéi den Titel vum Buch et verréit, seet si "Die Wahrheit gehört ans Licht".

Datt dës Wouerecht sollt bekannt an am Verlag op der Lay publizéiert ginn, dat schmaacht awer net jiddwerengem. De Kommissär Mathieu, deen am Ufank éischter privat mat der Engels hire Recherchë konfrontéiert gëtt, muss net just aktuelle Mäerder op d'Spuer goen, mee fënnt sech selwer als Deel vun dësem grujelege Verbriechen am Wanter 44/45 erëm.

Den Zweete Weltkrich als Hannergrond

Am Nowuert erkläert de Marco Schank, datt seng Inspiratioun fir dëse Roman am Kader vun engem Gespréich mam Erny Lamborelle komm ass - am Joer 2019, wou sech 75 Joer nom Krich mat ville Manifestatioun u Verbrieche vun den Nazien erënnert ginn ass.

Esou wieren och d'Froen iwwer d'Zwangsrekrutéierung, de Widderstand, d'Kollaboratioun an d'Epuratioun wärend der Naziherrschaft Sujete vun de Gespréicher mam Lamborelle gewiescht. A sengem Roman wieren awer all Personnagen a Plazen a Situatioune fiktiv.

Relatioune bannen der eegener Famill vum Kommissär si grad esou e Bestanddeel vum Roman wéi och en dichtege Politiker an natierlech d'Bewunner vun Allsdorf.

Eng manner iwwerzeegend zweet Hallschent

Et ass e klasseschen Opbau vum Roman, et ass d'Handlung, déi am Virgrond steet, déi eenzel Personnagë ginn net weider beliicht, et kristalliséiere sech e puer Verdächteger eraus, an no e puer ganz liewensgeféierleche Situatioune kläert sech dann alles lues a lues op.

Ass den éischten Deel vum Buch nach zimmlech spannend ze liesen, sou geet dann awer alles op eemol ze séier an déi eng oder aner Léisung - jo, et ginn der méi, ass dann awer e bësse mat den Hoer erbäi gezunn. Wat u sech schued ass, well e bësse méi Komplexitéit hätt de Personnagen, déi duerchaus interessant schéngen, gutt gedoen, an domat och dem Krimi.