Radioen

On air

Notturno  |  Qendresa - Real Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Steven Soderbergh versicht d'Offshore-Welt opzedecken

The Laundromat vum Steven Soderbergh

De Steven Soderbergh versicht d'Offshore-Welt opzedecken

Vun der Mostra zu Venedeg op Netflix. Dat ass d'Liewe vum neie Steven Soderbergh Film "The Laundromat", deen de Mossack Fonseca Skandal zum Thema huet. Den Tom Dockal huet en um Filmfestival an de Weekend op der Streamingplattform gekuckt. Hei seng Andréck.

auto_stories

3 min

Iwwer dräi Joer ass et hier, datt d'Panama Papers vu Säiten vum ICIJ, dem International Consortium of Investigative Journalists verëffentlech goufen. Am Fréijoer 2016 gouf mat engem enormen Dateleak d'Banneliewen vun de Finanzaffekote Mossack Fonseca opgedeckt. Steieroptimisiéierungsmechanismen, Bréifkëschten, Steieroasen etc. waren doropshin am Mëttelpunkt vun enger breeder Debatt. De Panama Papers Skandal huet weltwäit Welle geschloen. An der Zivilgesellschaft an an der Politik. Och zu Lëtzebuerg.

Bannent e puer Joer mellt sech Hollywood elo fir eng zweete Kéier zum Thema weltwäit Finanzmechanismen zu Wuert. Den Adam McKay hat "The Big Short" realiséiert als Reaktioun op d'Finanzkris virun e puer Joer virdrun an elo ass et um Steven Soderbergh sengem "The Laundromat", fir sech d'Panama Papers op de Leescht ze huelen.

De Soderbergh selwer engagéiert dofir e groussen Deel vum progressiv lénks liberalen Hollywood an zwar bis an déi klengsten Niewerollen. Mee virop gesäit een natierlech de Gary Oldman an den Antonio Banderas als Jürgen Mossack a Ramon Fonseca, déi d'véiert Mauer duerchbriechen a sech als Erzieler vum Film ginn. D'Meryl Streep fir hiren Deel taucht an d'Roll vun enger Groussmamm, déi bei engem engem Bootsaccident op engem Ausfluch hire Mann verléiert. Lues a lues stellt sech eraus, datt d'Assurance vum Bootsbedreiwer sech no hannen hin a Panama an aneren Offshoreentitéiten a Loft opgeléist huet.

D'Personnagë Mossack a Fonseca versichen dann un Hand vun e puer Lektiounen ze erklären, wéi dat alles am Fong total legal ass, an datt si selwer am Fong net woussten, wie wéi kriminelle Schmu bedriwwen huet.

Relativ vill Duercherneen

De Soderbergh a säin Zeenarist Scott Z. Burns - deen d'Buch "Secret Secrecy World" vum Jake Bernstein adaptéiert - loossen dës Welt a Vignetten operstoen, déi zum Deel an engem direkten Zesummenhang mam dramaturgesche Strang ronderëm de Meryl Streep Personnage stinn, dacks awer guer net. Erzieleresch a formell ass "The Laundromat" eng fragmentéiert Geschicht, déi gären Erzielungen an Erzielungen opmécht, éier de Film nees decidéiert, op den Ufank zeréckzekommen.

Et ass eng onduerchsichteg Geschicht, genee wéi d'Welt, déi een ze portraitéiere versicht. D'formell Parallellen zu "Big Short" aus dem Joer 2015 sinn net vun der Hand ze weisen. An am direkte Verglach huet dem Adam McKay säi Film méi Bëss an eng méi kloer Féierung am Bild wéi an der Aart a Weis ze erzielen. Wat awer net verhënnert, datt ee versteet, vu wou de Soderbergh dropkënnt, fir dee Film ze realiséieren.

Kuerzweileg Ënnerhalung

Bei him ass et schlussendlech, wéi ëmmer an ëmmer nees a senge Filmer, eng Saach vu Fassaden, falsche Spillereien, Con-Men a Fraen an Appropriatiounen op allen Niveauen. Dat ass esou bei "Ocean's Eleven", dat ass esou beim exzellenten "High Flying Bird" - sengem éischten Netflix Film Ufank des Joers - an dat ass och elo esou bei "The Laundromat". De Gary Oldman appropriéiert sech en däitschen Accent, dee sou onsäglech schrecklech theatralesch ass, datt et nees immens gëtt. De Flamänner Matthias Schoenarts setzt en engleschen Accent drop, wéi e braavt Theaterschoulkand an esou weider an esou virun. De finale Coup an där Richtung gëtt domat och gerechtfertegt. Dee soll op dëser Plaz net opgedeckt ginn, mee d'angel-sächsesch Kritik gesäit e moderne Blackfacing do dran, deen total onubruecht ass. Doriwwer léisst sech diskutéieren.

"The Laundromat" ass wierklech net dem Soderbergh säi Beschten an och laang net dee Beschten op Netflix, mee mat senge tighte knappen 90 Minutten ass et ganz kuerzweileg Ënnerhalung. D'Lokalpatriote sollen op dëser Plaz enttäuscht ginn: Lëtzebuerg gëtt leider just nëmmen eemol mam Numm genannt.