Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wee vun der Demokratie

Weimarer Republik

De Wee vun der Demokratie

Am Deutsches Historisches Museum zu Berlin weisen den Ament zwou Ausstellungen, wéi d'Demokratie an Däitschland entstanen ass an op wéi eng Problemer se haut trëfft. Béid Ausstellunge spanen de Bou vun der Weimarer Republik bis bei haiteg Debatte wéi Populismus a Big Data. De Max Tholl huet sech mat der Curatrice iwwer d'Verständnis vun der Demokratie vun deemools an haut ënnerhalen.

auto_stories

6 min

D'Demokratie ass net méi selbstverständlech, mee eeschthaft a Gefor. Dës Zeile stinn direkt um Ufank vun der Ausstellung "Weimar: Vom Wesen und Wert der Demokratie", déi bis Enn September am Berliner Deutsches Historisches Museum ze gesinn ass, an dës Period beliicht. Honnert Joer ass et hier, datt an Däitschland eng éischte Kéier eng parlamentaresch Demokratie entstanen ass.

Véierzéng Joer laang huet d'Weimarer Republik d'Land verännert an Fortschrëtter bewierkt, déi nach haut ze spiere sinn. Amplaz de Jubiläum ze feieren, wëllt d'Ausstellung awer weisen, datt dat wat deemools mat vill Kraaft kreéiert gouf, haut och nach mat vill Kraaft muss verdeedegt ginn, seet d'Curatrice Simone Erpel:

"Demokratie musste ja auch erst erlernt werden und ich denke da stehen wir heute, 2019, an einer ganz anderen Stelle. Die Gefahr liegt woanders. Sie liegt nicht darin, dass wir Weimarer Verhältnisse bekommen, sondern, dass man die Demokratie für selbstverständlich annimmt und jetzt erkennen muss, dass man sich aber für sie stark machen muss. Die AfD, als populistische Partei, sagt sie sei demokratisch. Da muss man dann den eigenen demokratischen Standpunkt schärfen. Das versuchen wir in dieser Ausstellung deutlich zu machen."

Argumenter fir d'Demokratie

Den Ausstellungstitel geet op een Essay aus dem Joer 1920 vum Staatsrechtler Hans Kelsen zeréck, deen déi jonk Demokratie virun hire Kritiker verdeedege wollt. Fir de Kelsen ware Fräiheet a Gläichheet net nëmmen elementar Bestanddeeler vun der Demokratie, mee och déi bescht Argumenter fir dës Staatsform. Grad am Ufank war dat keng wäitverbreete Meenung. Och haut gëtt Weimarer Republik ëmmer nees als "Demokratie ohne Demokraten" bezeechent. War dat da wierklech sou?

"Ein Ausstellungskapitel beschäftigt sich mit dieser Frage, beziehungsweise vertritt die These: Weimar war sehr wohl eine Demokratie mit Demokraten und das wird gezeigt anhand von demokratischen Persönlichkeiten, aber eben nicht nur Politiker, sondern auch Künstler und ganz normale Bürger, die für die Verteidigung der Demokratie auf die Straßen gegangen sind."

D'Weimarer Republik war ee kuerzt Kapitel an der däitscher Geschicht, an hiert Enn weist, datt Demokratie net vun haut op muer kann etabléiert ginn. No der Monarchie a Keeserzäit, huet sech dat däitscht Vollek missen un déi nei Fräiheete gewinnen. Datt d'Weimarer Republik herno tragescherweis vum Faschismus an der NS-Diktatur ofgeléist gouf, läit fir d'Simone Erpel awer net dorun, datt déi däitsch Wieler keng Demokratie wollten:

"Ich glaube nicht, dass es daran lag, dass es zu wenige mündige Bürger gegeben hat, sondern es war einfach zu wenig Zeit, damit sich die Demokratie entwickeln konnte."

D'Virgeschicht vum Nationalsozialismus?

Dacks gëtt d'Weimarer Republik als Virgeschicht vum Faschismus analyséiert an et bléift ee batteren Nogoût beim Zeréckblécken op déi éischt däitsch Demokratie. D'Ausstellung probéiert awer ze vermëttelen, datt Weimar méi war, wéi ee gescheitert Experiment, wat am Chaos an Totalitarismus opgehalen huet.

"Mein Eindruck ist, dass es in den letzten Jahren, zumindest in der Forschung, einen Wandel gab. Man betrachtet Weimar nicht mehr nur vom Ende her, sondern merkt, dass diese vierzehn Jahre auch eine eigene Existenz haben und damals eine ganze Reihe Errungenschaften auf den Weg gebracht wurden, die bis heute Bestand haben."

Foto: Deutsches Historisches Museum, David von Becker

Weimar war eng Zäit, déi vun der politescher a gesellschaftlecher Moderniséierung gepräägt war. Eng Versécherung géint de Chômage gouf ageféiert, de Sozialstaat an der Constitutioun verankert an d'Meenungs- a Pressefräiheet garantéiert. Et ware progressiv Mesuren, op déi d'Ausstellung opmierksam wëllt maachen:

"Was wollte man damals eigentlich? Welche Pioniere und Pionierinnen waren da am Start, und was wollten sie verwirklichen? Die Potentiale und das Neue freizulegen, das ist der Ansatz der Ausstellung."

Eng Zäit vun der Emanzipatioun

E besonnesche Fokus läit dobäi och um Wahlrecht fir Fraen, wat virun 100 Joer ageféiert gouf an deemools revolutionär war.

"Das Frauenwahlrecht ist in der Tat revolutionär, weil es nämlich durch ein revolutionäres Dekret schon im November 1918 eingeführt wurde, also das allgemeine, gleiche und geheime Wahlrecht, womit auch das Dreiklassenwahlrecht abgeschafft wurde."

Iwwerhaapt war Weimar eng Zäit voller Emanzipatioun. D'Ausstellung weist, wéi d'Sexualitéit an och d'Homosexualitéit op eemol vum Privatliewen an d'Ëffentlechkeet koumen, a wéi sech d'Bild vun der Fra am Laf vun de véierzéng Joer changéiert huet. Et ware Fortschrëtter, déi bis haut wierken, mee déi nach ëmmer diskutéiert ginn. Datt Demokratie ee Work in Progress ass, wéist och déi zweet Ausstellung.

Foto: Deutsches Historisches Museum, David von Becker

Am participativen Demokratie-Labo gi verschidde Sträitpunkte vun der haiteger Demokratie beliicht an de Public gëtt opgefuerdert, seng Meenungen zu dëse Froen ënnereneen ze diskutéieren. Vun der duebeler Nationalitéit iwwer Big Data, bis bei de Populismus, soll hei gewise ginn, datt d'Demokratie Austausch brauch a jiddwereen déi eege Positioune reflektéiere soll, amplaz se als alternativlos Meenung ze propagéieren. Dat hofft och d'Curatrice:

"Mein Wunsch wäre, dass man es nicht als Aufgabe begreift, sondern auch Lust hat, sich diesen Fragen zu widmen und zu wissen, dass es sich dabei nicht um etwas Abstraktes handelt, sondern, dass man selber gefragt ist in der demokratischen Gesellschaft. Wie man in Weimar gesehen hat, gab es auch damals einen großen Gestaltungsspielraum. Ich hoffe, dass wir diesen heute nutzen, denn Probleme gibt es ja genug. "

Demokratie ass och haut vu Relevanz

Jo, d'Demokratie ass haut net méi selbstverständlech, mee um Enn vun den zwou Ausstellunge muss ee sech froen, ob se dat da jeemools war. D'Kombinatioun vun der éischter an der haiteger Demokratie an Däitschland ass wichteg, well kloer gëtt, wéi vill sech duerch si verännert huet, mee och wéi vill Aarbecht souguer no 100 Joer nach bléift.

Paradoxerweis ass dat um Enn vläicht de Message vun den zwou Ausstellungen: d'Demokratie gehéiert nach net an de Geschichtsmusée, mee op de Wahlziedel. Déi nächst Chance dozou gëtt et schonn am Mee bei den Europawahlen.