Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dee klenge Kino

Filmfestival 2016

Dee klenge Kino

Wéi koum d'Faarf an de Kino? Wéi entsteet e Soundtrack? Beim Film Festival gëtt ee villsäitege Programm fir Kanner a Jugendlecher gebueden. Niewent dem Filmhandwierk ginn och aktuell Sujeten thematiséiert.

Maxi Pesch / ys

auto_stories

2 min

Crazy Cinématographe ©CNA/Romain Girtgen

Dëst Joer läit de Fokus vun de Workshopen um Toun am Film. Et gëtt zum Beispill e Workshop fir Bruitage ugebueden. An ee fir Filmmusek-Kompositioun. "Mir hunn een Atelier mat Linster Studios, wou si weisen, wéi Filmer op Lëtzebuergesch synchroniséiert ginn", erkläert d'Anne-Marie Krettels, Responsabel fir d'Programmatioun fir de jonke Public beim Filmfestival. An deem Kader gëtt ee Casting organiséiert, wou ee seng Stëmm kann testen.

Filmer fir Jonker

Bei der Film-Affiche setzt de Festival op eng pädagogesch Approche. Virun allem aktuell Sujete ginn ugeschnidden. "De Film "Ma petite planète verte" ass schonn ab dräi Joer. Do ginn déi kleng drop opmierksam gemaach, wat grad an der Welt geschitt, mat der Ëmweltverschmotzung."

Bei spezielle Seance fir Lycéeë geet et ëm Theme wéi Flüchtlingskris oder Anorexie: "Et sinn Themen, mat deenen déi Jugendlech sech beschäftegen, a wou mir hinnen hëllefen een neie Bléck op d'Welt ze kréien."

Donieft ginn Diskussiounsronnen a Präsenz vun de Realisateure vun de Filmer organiséiert. Am viraus kréien d'Schoulen een Dossier Pédagogique fir de Film virzebereeden. D'lescht Joer hätte verschidde Klassen sech nach zwee Méint nom Festival mam Biergerkrich a Syrie beschäftegt, deen thematiséiert gi war.

Kino wéi fréier

De Crazy Cinematographe gëtt een Abléck, wéi de Kino a senge Pionéierjoeren ausgesinn huet. An engem Zelt gi Stommfilmer gewisen, déi vun engem Bonimenteur an engem Pianist live vertount ginn. D'Thema vun dësem Joer ass den "Zauber vun de Faarwen". Mat coloréierte Filmer kritt de jonke Public gewisen, déi d'Faarf an de Kino komm ass.

Ee Jugendjury aus 7 jonke Cinéphilë vergëtt um Enn vum Festival ee spezielle Präis. An eng Equipe vu Jugendreporter sinn um Tour fir déi flottste Momenter vum Festival am Bild festzehalen.