Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dee lëtzebuergeschste belschen Artist

Zäitgenëssesch Konscht

Dee lëtzebuergeschste belschen Artist

Vun de Verdauungsapparater "Cloaca" bis zu neie Barockcamionen. De Wim Delvoye deelt op senger Retrospective "Share" alles mam Lëtzebuerger Public. De belschen Artist fillt sech wuel am Mudam.

auto_stories

4 min

De Wim Delvoye a senger gotescher Betonsmaschinn am Mudam

Mat der Konscht verschwende mir eis Zäit, huet de Wim Delvoye emol gesot. D’Iddi vum Gaspillage gefält him besonnesch gutt, well se implizéiert, datt se sech fräi vun economeschen an ekologeschen Zwäng bewege kann. Also observéiert hien, assimiléiert a verdaut d’Impressiounen.

Cloaca: Zeenario ouni Text

Well et där esouvill gouf, huet hien zur Ënnerstëtzung eng Rei Digestiounsmaschinne gebaut, d’Cloacaen. Hien hat net domat gerechent, datt déi esou laang Gespréichsthema bleiwe géifen. Ënner anerem och zu Lëtzebuerg, wou d'Apparater am Kulturjoer 2007 eng éischte Kéier alleguerten ze gesi waren.

A klenge Länner, wéi der Belsch oder Lëtzebuerg géif et séier zu klenge Rivalitéiten zwëschent de Leit kommen, sou de Wim Delvoye am 100,7-Interview. D'Cloaca wär eng Maschinn, déi onschëlleg ass. Den Artist vergläicht säi Wierk mat engem Zeenario ouni Text. "Den Auteur vu Cloaca huet näischt geschriwwen. Hie weess net, wat d'Leit wäerte soen."

Am Iran ass ee Wuert ass ee Wuert

De Belsch Wim Delvoye, Joergang 1965, hat sech als jonke Konschtstudent schonn als mëttelméissege Moler mam Nieweberuff Konschtproff fir Owescoursen gesinn. Dunn huet hien an der Akademie, duerch Figure wéi de Jan Fabre, de Konschtmarché hannerkuckt. Mëttlerweil ass hien ee vun deenen erfollegräichste Konzeptkënschtler vun der Géigewaart.

De Succès léisst sech och esou liicht net méi bremsen. Grad kënnt hie vun enger Ausstellung aus dem Iran, wou hie ganz positiv empfaange gouf. "Dohanne sinn ech méi fräi als Artist, wéi an der Belsch," erkläert hien. Viru 7 Joer hätt hien an der Belsch ugefaangen en aalt Gebai ze restauréieren. Bis lo géifen et dowéinst Streidereien. Am Iran wär den Ëmgang mat den Autoritéite méi einfach. "Am Iran ass ee Wuert ee Wuert. Et muss een et mol net opschreiwen."

De Wim Delvoye um Mikro vum Kerstin Thalau

Artiste luxo-belge

A senger Retrospektiv "Share" deelt de Wim Delvoye 30 Joer Kreativitéit mam Lëtzebuerger Public. Vun de Verdauungsapparater "Cloaca", iwwert seng berühmt tätowéiert Schwäin, déi mëttlerweil op enger Farm a China liewen, well déi Zort vun Tatouage vum flammännesche Gesetz net gedult gëtt, bis hin zu fuschneie Barockcamionen an ornéierten Betonsmaschinnen.

Dee lëtzebuergeschsten Artist aus der Belsch, nennt d'Mudam-Equipe de Wim Delvoye. An dee fillt sech tatsächlech geéiert an ass geréiert. "D'Lëtzebuerger wësse villäicht guer net, wéi dëst Haus an anere Länner respektéiert gëtt. An et brauch een ee Musée fir zäitgenëssesch Konscht!"

Lunghi: De richtegen Zäitpunkt fir eng Retrospektiv

D’Expo "Share" ass eng thematesch, keng chronologesch Rétrospektive. Si ass a véier Kapitelen ënnerdeelt:

  • "Super Cloaca"
  • "Monumenter"
  • "D'Verzierung ass e Crime"
  • "Erfindung vum Alldag" ënnerdeelt.

An der Sectioun "L'invention du quotidien" spillt de Wim Delvoye mat de Paradoxer "heemesch, an awer onheemlech". "Fir de Wim war et ëmmer wichteg, seng Heemecht Flandern an eng Aarbecht anzebauen, déi och international Uklang ka fannen", seet dozou de Commissaire vun der Ausstellung, de Mudam-Direkter Enrico Lunghi.

Trotz all de Blummen, déi sech elo Kënschtler an Institutioun hin an hier gehäit hunn: ugangs war de Wim Delvoye net wierklech vun der Rétrospektive-Iddi ze iwwerzeege gewiescht. Rétrospektive reimt einfach net op "enfant terrible". Den Enrico Lunghi, deen de belsche Kënschtler zanter der Dokumenta 1992 kennt, huet de Wim awer zu "Share" iwwerried.

Well e verstanen hat, datt den Ament ebe grad de richtegen Zäitpunkt dofir ass. "Hie schafft zanter 30 Joer an ass amgaang sech Froen ze stellen, wéi et weidergeet. An hie weess datt hie lo net méi alles ka maachen, dat heescht hie muss gewëss Choixen treffen. Hien ass op deem Punkt wou mer all eng Kéier hikommen". Et wier also ee "Wendepunkt" am Liewe vum Wim Delvoye. "Dofir ass et och gutt, datt mir dat hikritt hunn", sou den Enrico Lunghi.