En Numm gemaach hat hien sech am Filmmilieu fir d'éischt emol als Fotograf op Filmsetten. De Sënn fir dat Visuellt hat de Fabrizio Maltese zum Beispill an engem viregten Documentaire "California Dreaming" (2019) ënner Beweis gestallt.
"I Fiori persi", deen um leschte Luxfilmfest an der Documentaire-Kompetitioun gelaf war, leet elo manner Wäert op d'Schéinheet vun de Biller. De Film, "dee kee Film sollt ginn", ass haaptsächlech en Zesummeschnëtt vun Handyopnamen.
An awer kréie mer am Prolog eng Zort fotografesche Collage gewisen: natures mortes, déi d'Vergänglechkeet symboliséieren, a perséinlech Erënnerungen.
Am Interview erkläert sech de Fabrizio Maltese iwwer säi Filmprojet, déi dach ganz intim Momenter vun "I Fiori persi" an d'Motiv vun der Wüüst.