Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Take Your Time (And Find That Orange To Squeeze)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E schéinen, sensibelen, melancholesche Rock-Film

Leto vum Kirill Serebrennikov

E schéinen, sensibelen, melancholesche Rock-Film

Nostalgesch Rockfilmer hu sech iwwer d'Joren eng ganz Rëtsch ugesammelt: "Almost Famous", "24 Hour Party People", "The Boat That Rocked"; fir der just e puer ze nennen. Mam Kirill Serebrennikov sengem "Leto" kritt eng Musekszeen hire Schwanegesang, vun där een net geduecht hätt, datt se ee bräicht. Oder datt et se iwwerhaapt ginn hätt. Déi russesch alternativ Musekszeen.

auto_stories

4 min

Am Ofstand vun e puer Méint konnt een am Kino an zwéi Filmer quasi déi nämmlecht Situatioun gesinn. An der Sowjetunioun sëtze Mënschen an engem Concertssall a loosse sech vu musikalesche Kläng mathuelen. Just dat Wuert "mathuelen" ass relativ ze verstoen. Riets a lénks stinn zivil gekleete Staatsmänner, déi dorobber oppassen, datt sech keen a keent opfälleg behëlt.

Eng Grimmel mam Kapp hippen a mat den Zéiwe wackelen, méi duerf net sinn. Weder am "Cold War" vum Pawlikowski senge folkloristesche Musekszeenen, nach am Kirill Serebrennikov sengem aktuellen - endlech zu Lëtzebuerg ugelafenen - Long-Métrage, "Leto" - Summer - deen d'alternativ Musekszeen am Mëttelpunkt huet. Respektiv, wat dovunner erlaabt ass. Also vum Rock. Punk. Post-Punk. Oder den Ufäng vum New Wave.

A wéi esou dacks a Rockfilmer, esou huet och "Leto" en Dräieck vu Personnagen als Haaptprotagonisten agéieren, déi sech méi oder manner no kommen. Et geet ëm de Mayk - net de Mick - deen als Galiounsfigur vun der Zeen am sowjetesche Leningrad mat senger Musek net just bei de Jonken ukënnt, mee och bei de russeschen Decideuren duerchgewonk gëtt.

Et geet ëm de Viktor, e villverspriechende Museker a Songwriter, deen d'Komplizeschaft vum Mayk sicht, fir säi Schreiwes, seng Musek am grousse Ganzen no virzebréngen. An et geet ëm d'Natasha, dem Mayk seng Liewenspartnerin a Mamm vum gemeinsame Kand, déi mam Viktor eng Frëndschaft opbaut.

"Leto" baséiert a ganz graffen Zich un der Natasha Naumenko hire Memoiren. Hanner de Museker Mayk a Viktor verstoppe sech nämlech d'Frontmänner vun zwou, a Russland bis haut veréierte Bands. Zoopark a Kino. A graffen Zich, well de Serebrennikov d'Code vum Rockbiobic net alt ze vill interesséieren. Seng Mise en scène geet dovunner aus, datt de russesche Spectateur einfach weess, wien d'Bands an hir Acteure sinn, a fir - soe mir emol - eis westlech Spectateuren ass de Propos universell genuch, ouni mussen de faktuellen Detail ze wëssen.

Onerwaarte Musicalzeenen

Dem Serebrennikov geet et virun allem, am wonnerschéine schwaarz-wäiss - jojo, alt nees deen Hipsterkinoreflex, déi leschten Zäit - eng Musekszeen nees opliewen ze loossen, vun där een am Fong net geduecht hätt, datt et se ginn hätt. Natierlech, am Haussmann sengem "Sonnenallee" gouf op där anerer Säit vun der Mauer no Stones-Placke gesicht. Och am "Leto". Mee méi awer och net. Fir d'Personnagen am Film ass d'Musek an de Lifestyle - dee just eng Fassad fir Wonsch no Fräiheet ass - ee Moyen, fir mat hire Liewensëmstänn ëmzegoen. Perestroika a Glasnost steet virun der Dier, mee dovunner wësse Mayk, Viktor, Natasha a Co. nach näischt.

Et bleift net dobäi, datt de Mayk Hefter voll stoen huet mat Texter vu Lou Reed, Marc Bolan a Konsorten. De Serebrennikov erlaabt sech total onerwaarte Musicalzeenen, déi an der russescher schwarz-wäisser Tristesse op eemol opdauchen. Mat Gekritzels op der Pelicule, déi de Kader ze sprenge riskéiert, sangen Zuchpassagéier bal brechtianesch Psycho Killer vun den Talking Heads oder "All the Young Duded" vu Moot the Hoople. Just beim Lou Reed sengem "Perfect Day" ass et ze iwwerzockert. Mee egal. D'véiert Mauer gëtt gebrach an e Personnage, deen am Generique als "Skeptiker" kreditéiert gëtt, gëtt dem Spectateuren ze verstoen, datt alles dat - natierlech - ni esou geschitt ass.

Alles anescht wéi subtil an nuancéiert

Dat ass natierlech alles anescht wéi subtil an nuancéiert. Mee bei all senger ganz offensichtlecher Flashiness ass "Leto" deen onflashieste vun alle grouss acclaméierte Schwarz-Wäiss Filmer. "I'm looking at you", "Roma" a "Cold War". An natierlech weess de Film net wéini ophalen, huet e jo net op d'mannst dräi Schlussen. An natierlech ass een ze laang.

Mee scho laang ass et hier, datt een engem Film all dës Lacunne mat guddem Gewëssen entschëllegt huet. Dem Serebrennikov säi "Leto" ass wäitaus manner politesch wéi säin éischte Film. Mee d'politesch Komponent ass beim prominentste Putin-Kritiker net ze ënnerschätzen. "Leto" ass e schéinen, sensibelen, melancholesche Rock-Film, deem säin Detour an de Kino sech absolut lount.