Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi 13. Liesmatinée

Literatur

Déi 13. Liesmatinée

Déi Éisträichesch Botschaft huet zesumme mat Éditions Guy Binsfeld op hir Liesmatinée "Crémant-Mélange" invitéiert. D'Birgit Müller-Wieland am d'Elise Schmit woussten d'Nolauschterer ze iwwerzeegen.

auto_stories

1 min

Virun engem bis op déi leschte Plaz gutt gefëllte Sall huet sech de Marc Binsfeld ganz zefridde gewisen, op der 13. Liesmatinée am Café de la Place zu Bouneweg. Déi Éisträichesch Botschaft, zesummen mat Éditions Guy Binsfeld, ginn dëst Joer an déi véiert Saison mat hirem gemeinsame literaresche Projet "Crémant-Mélange".

Ënner dem Titel "Von Umbrüchen & Aufbrüchen" waren dës Kéier déi Éisträichesch Autorin Birgit Müller-Wieland an déi jonk Lëtzebuerger Schrëftstellerin Elise Schmit invitéiert, Ausschnëtter aus hire rezente Bicher ze liesen.